Nationale FuttballKomplette Spilldag bei den Hären ofgesot, Damme kënnen deelweis spillen

RTL Lëtzebuerg
Den nationale Futtball kënnt net richteg un. E Freideg de Mëtteg koum d'Confirmatioun, datt de komplette Spilldag vun der BGL Ligue ofgesot ass.

D‘lescht Woch waren et d‘Schnelltester, dës Woch huet d‘Meteo e Stréch duerch d‘Rechnung gemaach, wat d‘Reprise no der Covid-Paus an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball bei den Hären ugeet.

An der héchster Divisioun bei den Dammen ass dat anescht, do ginn nämlech eng Partie Matcher gespillt. De Futsal ka wéi virgesi gespillt ginn.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO