
E Sonndeg den Owend huet de Lars Gerson mat sengem norwegesche Veräin Kongsvinger de Sprong an d’Relegatioun ëm den Opstig an déi héchsten Divisioun gepackt. Zu Kristiansand huet sech ee sech mat 1:0 géint IK Start behaapt. De Lëtzebuerger huet an der 88. Minutt den decisive Gol per Eelefmeter geschoss. Kongsvinger war vun der 28. Minutt un an Ënnerzuel, well de Murray Rout gesinn huet. An der Nospillzäit huet och nach den Holme Riel-Rout gesinn, d’Gäscht hu sech d’Victoire awer net méi huele gelooss.
Fir de Kont vum 17. Spilldag am belsche Championnat huet Union St-Gilloise mat 3:2 géint de Standard Léck gewonnen. De Lëtzebuerger Golkipp Anthony Moris a seng Teamkolleegen hunn elo 36 Punkten um Konto a si weiderhin déi Zweet an der Tabell.
Mainz huet sech e Sonndeg an der Bundesliga ee Punkt géint Frankfurt geséchert. Beim 1:1-Remis huet de Leandro Barreiro net nëmmen de ganze Match gespillt, ma de Lëtzebuerger hat och eng Rei Chancen, fir e Gol fir Mainz ze schéissen, dat ass him awer net gelongen.
An Éisträich huet de Marvin Martins mat Austria Wien doheem verluer. Géingt de Wolfsberger AC huet ee sech misse mat 0:1 geschloe ginn. De Lëtzebuerger huet de komplette Match duerchgespillt.
An der 3. däitscher Bundesliga huet sech Waldhof Mannheim mam Laurent Jans mat engem Punkt missen zefridde ginn. Zu Oldenburg ass een net iwwert een 1:1 erauskomm. De Laurent Jans stoung an der Startformatioun, gouf awer an der 78. Minutt ausgewiesselt. Mannheim steet elo just nach op der aachter Tabelleplaz.
A Bulgarien gouf et fir den ZSKA Sofia eng 2:0-Victoire géint Cherno More Varna. Den Enes Mahmutovic stoung dobäi 78 Minutten um Terrain an huet an der Defense dozou bäigedroen de Gol propper ze halen. An der Tabell huet d’Ekipp aus der bulgarescher Haaptstad elo e Virsprong vu sechs Punkten op den Tabellenzweete Ludogorets Rasgrad, déi awer nach dräi Matcher nozehuelen hunn.
An der englescher Championship huet Norwich City ouni Lëtzebuerger Bedeelegung mat 1:2 géint Middlesbrough de Kierzere gezunn. Den Danel Sinani stoung eng weider Kéier net am Kader.
Am Match tëscht Sparta Rotterdam an Twente Enschede stoung de Micha Pinto vun Ufank un an der Startformatioun vun der Heemekipp. Den 1:1 huet hei kenger vu béiden Ekippe gehollef, fir um Spëtzentrio drun ze bleiwen.
An der zweeter hollännescher Divisioun huet den Dirk Carlson vu bausse missten en 0:0 vu sengem ADO den Hag bei Telstar nokucken.
Beim Borussen-Duell an der Bundesliga souz den Yvandro Borges Sanches de ganze Match iwwer op der Bänk bei Gladbach, déi sech doheem géint de BVB mat 4:2 konnten duerchsetzen. Liest méi zum Match hei.
Den Eric Veiga stoung an der zweethéchster Spillklass a Portugal bei Vilafranquense an der Startformatioun, dat beim Auswäertsmatch géint Torreense. Fir de Veiga a seng Ekipp gouf et dann eng Victoire a leschter Sekonn mat engem Gol vum Sangare an der 94. Minutt.