Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLaurent Jans a Waldhof Mannheim mat Victoire an der leschter Minutt

RTL Lëtzebuerg
An Norwegen steet Kongsvinger mam Lars Gerson no enger Victoire an der Finall ëm den Opstig an déi 1. Liga. De Lëtzebuerger konnt dobäi e Gol markéieren.
© AFP (Archiv)

An der 3. Liga huet sech Mannheim a leschter Sekonn mat 2:1 géint Zwickau duerchgesat. No der 1:3-Defaite géint Halle hunn de Laurent Jans a seng Matspiller 3 wichteg Punkten doheem gehalen. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain an huet den entscheedende Gol vum Sohm virbereet.

De Sébastien Thill souz beim 1:1-Remis vun Hansa Rostock géint Nürnberg de ganze Match op der Bänk. Den Trainerwiessel huet also net vill bruecht. Rostock huet just nach 2 Punkten Avance op eng Ofstigsplaz.

Fir Mainz gouf et beim Tabelleleschte Schalke eng batter 0:1-Defaite. De Leandro Barreiro gouf an der 74. Minutt agewiesselt, konnt awer d’Néierlag net méi verhënneren. Bei der 1:2-Néierlag vu Köln géint Leverkusen koum de Mathias Olesen net an den Asaz, stoung awer am Kader.

An der Belsch stoungen 1/16-Finallen an der Coupe um Programm. Bei der klorer 7:1-Victoire vun der Union Saint-Gilloise zu Cappellen souz den Anthony Moris 90 Minutten op der Bänk.

E ganz wichtegen 2:1-Succès huet de Lars Gerson um Dënschdeg mat Kongsvinger beim KFUM Oslo gefeiert. Den Ofwierspiller huet an der 49. Minutt den 1:1-Ausgläich markéiert. Den 2:1 ass an der 89. Minutt gefall. Kongsvinger steet elo an der Finall ëm de Opstig an déi 1. Liga a Norwegen a spillt do géint IK Start.

Back to Top
CIM LOGO