FuttballLaurent Jans huet sech blesséiert a fält fir d'Nations League aus

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Nationalspiller huet sech bei engem Zweekampf um Training eng Seen am Usaz vum Uewerschenkel ugerass.

Momentan muss hien nach net operéiert ginn. De Risiko besteet, datt se kéint bei Belaaschtung räissen, wat eng méi laang Verletzungspaus mat sech géif bréngen.

Domat verpasst hien d’Nations-League-Matcher géint Litauen, d’Färöer Inselen an d’Tierkei.

Back to Top
CIM LOGO