Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLaurent Jans kritt een neien Trainer

RTL Lëtzebuerg
Um 19. Spilldag vum Futtball-Championnat an der Belsch gouf et de Weekend déi 4. Néierlag hannertenee fir Léck.
© pressphoto Archiv

D’Ekipp, bei där och de Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans ënner Kontrakt steet, huet e Samschdeg den Owend mat 1:2 géint St. Truiden verluer. De Géigner vum Standard stoung virum Match op der leschter Plaz an der Tabell. No 16 Minutte louch St. Truiden duerch Goler vun Nazon a Suzuki schonns fréi a Féierung.

An der 53. Minutt krut St. Truiden dunn eng rout Kaart a Léck war deemno an Iwwerzuel. Méi wéi en Éieregol sollt den Haushären awer net méi geléngen. De Laurent Jans stoung 90 Minutte laang um Terrain.

E Sonndeg koum dunn d’Nouvelle, datt sech Léck vu sengem Trainer trennt. Ënnert dem Montanier huet d’Ekipp déi lescht 4 Matcher verluer, an huet bis ewell och nach kee Match dës Saison gewonnen. En neien Trainer steet aktuell nach net fest.

Den Danel Sinani war e Sonndeg mat Waasland-Beveren bei Genk op Besuch. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 39. Minutt agewiesselt. De Match goung schlussendlech mat engem 1:1 op en Enn.

A Portugal konnt sech d’Ekipp vum Vincent Thill Nacional Funchal mat 2:0 géint Tondela duerchsetzen, de Lëtzebuerger gouf an der 86. Minutt agewiesselt. Gil Vincente konnt ouni den Tim Hall 1:0 géint Famalicao gewannen.

Back to Top
CIM LOGO