Champions LeagueLeipzig a Mailand séchere sech déi lescht Tickete fir d'1/8-Finallen

RTL Lëtzebuerg
Salzburg an Donezk beleeën an hire jeeweilege Gruppen déi drëtte Plaz an iwwerwanteren domadder an der Europa League. D'Juve ziddert sech op Plaz Dräi.
© AFP

Scho virum leschte Spilldag war a ville Gruppe schonn alles oder quasi alles entscheet. Am Grupp G war schonn alles kloer. Am Grupp H goung et nach ëm d’Plaz an der Europa League, déi sech d’Juve erziddere konnt, mä an de Gruppen E an F waren nach zwee Tickete fir d'1/8-Finallen ze verginn. Hei waren et um Enn den AC Mailand an RB Leipzig, déi dës Tickete mat hire Victoiren aléise konnten. Fir Salzburg an Donezk geet et dogéint an der Europa League weider.

Resumé Champions League / Reportage Guy Seyler

Grupp E

AC Milan - RB Salzburg 4:0
1:0 Grioud (14'), 2:0 Krunic (46'), 3:0 Giroud (57'), 4:0 Junior Messias (90'+1)

Mailand - Salzburg: All d'Highlights vun der Partie
No enger 4:0-Victoire steet den AC Mailand an der 1/8-Finall.

Am Match Mailand-Salzburg, bei deem et ëm de leschten Ticket fir d'1/8-Finallen an der Champions League gaangen ass, kruten d’Spectateuren am Giuseppe-Meazza-Stadion eng monter éischt Hallschent ze gesinn. Dobäi hunn d’Rossoneri an der Ufanksphas direkt d’Heft an d’Hand geholl an dem Spill hire Stempel opgedréckt. Esou ass dem Hernandez säi Schoss an der drëtter Minutt op de Potto gaangen. Doropshin hunn d’Mailänner déi Salzburger ëmmer nees ënner Drock gesat, ier dann an der 14. Minutt den 1:0 fir den AC fale sollt. No engem perfekte Corner vum Tonali steet de Giroud do, wou e Stiermer stoe muss, a versenkt de Ball mat engem Kappball am Gol vum Köhn, dee keng Chance hat, de Ball ofzewieren. An der 22. Minutt war et nees de Giroud, deen d’Méiglechkeet hat, op 2:0 ze erhéijen, allerdéngs konnt dësen de Ball no engem Feeler an der Salzburger Defense net richteg verschaffen, soudatt säi Schoss iwwert dem Gol gelant ass. An der 26. Minutt louch de Ball dunn awer fir déi zweete Kéier am Filet vum Köhn. Dëst nodeems de Giroud en Ofpraller vum Golkipp äiskal am Gol ënnerbruecht hat. Allerdéngs gouf de Gol wéinst enger Abseitspositioun oferkannt, soudatt et bei engem 1:0 bliwwen ass. No dësem vermeintlechen 2:0 ass Salzburg allerdéngs besser an de Match komm a konnt den AC Mailand mat e puer séiere Virstéiss veronsécheren. Esou gouf den Tatarusanu am Gol vun de Mailänner eng sëllege Kéiere vun de Salzburger Stiermer Adamu an Okafor zu Parade gezwongen. Allerdéngs ass aus dësen Dueller ëmmer de Mailänner Golkipp als Gewënner erausgaangen, soudatt et mat engem 1:0-Avantage fir d’Mailänner an d’Hallschent gaangen ass.

Den 1:0 duerch de Giroud
No 45 Minutte stoung et 1:0 fir den AC Mailand.

Nom Téi hunn d’Mailänner de Salzburger keng Zäit zum Ootme gelooss an hunn direkt no vir gespillt. An der 46. Minutt ass de Rebic am Trikot vun de Mailänner iwwert déi riets Säit marschéiert an huet an der Mëtt mat senger Flank de Giroud gesicht, dee fir de Krunic opgeluecht huet, dee keng Problemer hat, den 2:0 fir seng Faarwen ze markéieren. D’Salzburger ware vun dësem fréie Géigegol geschockt an hunn net esou richteg an déi zweet Hallschent fonnt. Dëst hunn d’Mailänner am Numm vum Giroud an der 57. Minutt ausgenotzt. No enger Flank vum Leao profitéiert de Giroud vun engem Feeler an der Salzburger Defense, déi de Ball net kläre konnt, an netzt ouni Problem zum 3:0 an. Domadder war de Match scho bal decidéiert an den Ticket dir d'1/8-Finalle fir Mailand bal geséchert. Doropshin huet den AC Mailand net labber gelooss an d’Mailänner hu weider op de 4:0 gedrängt. Mä weder dem Leao nach dem Giroud ass dëst gelongen, well entweder d’Schëss net kadréiert waren oder de Köhn am Salzburger Gol eppes dogéint hat. An der Nospillzäit sollt dunn awer nach de 4:0 duerch de Junior Messias falen, deen no senger Awiesslung säin zweete Gol fir d’Rossoneri an der Champions League markéiere konnt.

Um Enn gewënnt den AC Mailand verdéngt mat 4:0 géint Salzburg a steet domadder am nächsten Tour vun der Champions League.

An der zweeter Hallschent sinn dräi Goler gefall
Den AC Mailand an RB Salzburg trenne sech mat engem 4:0.

FC Chelsea - Dinamo Zagreb 2:1
0:1 Petkovic (7'), 1:1 Sterling (18'), 2:1 Zakaria (30')

De Resumé vum Match Chelsea géint Zagreb
Chelsea gewënnt um Enn mat 2:1 géint Dinamo Zagreb aus Kroatien.

Grupp F

De Resumé vun de Matcher am Grupp F
Leipzig gewënnt auswäerts mat 0:4 géint Donezk. Fir Real Madrid gëtt et eng 5:1-Victoire géint Celtic Glasgow.

Real Madrid - Celtic Glasgow 5:1
1:0 Modric (Eelefmeter, 6'), 2:0 Rodrygo (Eelefmeter, 21'), 3:0 Asensio (51'), 4:0 Vinicius Junior (61'), 5:0 Fede Valverde (71'), 5:1 Jota (84')

Schachtar Donezk - RB Leipzig 0:4
0:1 Nkunku (10'), 0:2 Silva (50'), 0:3 Szoboszlai (62'), 0:4 Bondar (Selbstgol, 68')

Am Grupp F ass et Mëttwoch am direkten Duell tëscht Donezk a Leipzig dorëms gaangen, wie sech als zweet Ekipp fir d’Aachtelsfinallen an dësem Grupp qualifizéiere wäert. Leipzig huet allerdéngs keng Fisematente gemaach an huet de Géigner aus der Ukrain direkt ënner Drock gesat a scho relativ fréi am Match den 0:1 geschoss. Doropshin hu si näischt méi ubrenne gelooss an den Ecart esouguer erhéicht, soudatt Leipzig um Enn auswäerts mat 0:4 gewënnt an domadder eng Ronn weiderkënnt. Donezk dogéint spillt no der Wanterpaus an der Europa League. Den zweete Match an dësem Grupp gewënnt Real Madrid kloer mat 5:1 géint Celtic Glasgow.

Grupp G

De Resumé vun de Matcher am Grupp G
Manchester City gewënnt doheem géint Sevilla mat 3:1. Kopenhagen an Dortmund spille gläich.

Manchester City - FC Sevilla 3:1
0:1 Rafa Mir (31'), 1:1 Lewis (52'), 2:1 Alvarez (73'), 3:1 Mahrez (83')

FC Kopenhagen - Borussia Dortmund 1:1
0:1 Hazard (23'), 1:1 Haraldsson (41')

Am Grupp G waren d’Decisioune schonn alleguer um fënnefte Spilldag vun der Champions League gefall. Souwuel Manchester City wéi och Borussia Dortmund stounge scho sécher an den 1/8-Finallen, wougéint den FC Sevilla d’Rees an d’Europa League untrieden dierf. Deemno konnten d’Ekippen ouni Drock an déi lescht Matcher goen a fräi opspillen. Manchester City dréint de Match no engem 0:1-Réckstand géint Sevilla a gewënnt mat 3:1. Kopenhagen an Dortmund spillen iwwerdeems 1:1 gläich.

Grupp H

De Resumé vun de Matcher am Grupp H
Haifa verléiert mat 1:6 géint Benfica Lissabon. De PSG gewënnt auswäerts zu Turin mat 1:2.

Juventus Turin - PSG 1:2
0:1 Mbappé (13'), 1:1 Bonucci (39'), 1:2 Nuno Mendes (69')

Haifa - Benfica Lissabon 1:6
0:1 Goncalo Ramos (20'), 1:1 Chery (Eelefmeter, 26'), 1:2 Musa (59'), 1:3 Grimaldo (69'), 1:4 Rafa (73'), 1:5 Henrique Araujo (88'), 1:6 Joao Mario (90'+2)

Am Grupp H waren d’Tickete fir d'1/8-Finalle scho verginn. Hei ass et just nach dorëms gaangen, wien op der drëtter Plaz lande wäert. Dës Decisioun sollt tëscht dem israelesche Veräin Maccabi Haifa an der aler Damm aus Turin falen. Dobäi hu béid Formatiounen hir Matcher verluer. Haifa verléiert doheem kloer géint Benfica Lissabon an och d’Juve verléiert doheem géint de PSG, soudatt d’Juve um Enn mat enttäuschenden dräi Punkten op der drëtter Plaz punktgläich mat Haifa steet an dëst och just well d’Italiener den direkten Duell géint den israelesche Veräi fir sech entscheede kënnen.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO