BundesligaLeipzig dréint de Match a klappt Gladbach a leschter Sekonn

RTL Lëtzebuerg
Bayern iwwerrennt Köln, Dortmund kann eng 3:0-Victoire géint Bielefeld feieren a fir Schalke gëtt et no der 1:5-Defaite géint Stuttgart ëmmer méi däischter
© AFP

Nodeems et beim Optakt vum 23. Spilldag an der däitscher Bundesliga um Freideg eng iwwerraschend 1:2-Defaite vu Frankfurt géint Bremen gouf, waren um Samschdeg Bayern München, Wolfsburg a Leipzig gewëllt, hir Avance op déi Frankfurter auszebauen. Um Enn gouf et kloer Victoirë fir Bayern München, Dortmund a Stuttgart, och Wolfsburg ka sech wichteg 3 Punkte sécheren.

Iwwerdeems gouf et an England eng knapp 2:1-Victoire fir de Leader Manchester City iwwer West Ham. Déi weider Resultat vum internationale Futtball fannt Dir hei.

23. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Leipzig - Gladbach 3:2
0:1 Hofmann (6', Eelefmeter), 0:2 Thuram (19'), 1:2 Nkunku (57'), 2:2 Poulsen (66'), 3:2 Sörloth (90'+3)

Am Spëtzematch vum 23. Spilldag hat den Tabellenzweete Leipzig Gladbach op Besuch. No der klorer Victoire vu Bayern München war Leipzig gewollt, fir den Uschloss net ze verléieren. No nëmme 5 Minutte gouf et dann awer schonn déi éischten Offensivaktioun fir d’Gäscht. No engem Feeler vum Upamecano am Strofraum gouf et Eelefmeter fir Gladbach. Dës Chance huet den Hofmann sech net huele gelooss, och wann de Gulacsi nach um Ball war. Gladbach war an der Ufanksphas äiskal virum Gol. An der 19. Minutt konnt den Thuram op 2:0 erhéijen, an dat an enger Phas, wou Leipzig méi vum Match hat. No enger Flank vum Lazaro konnt sech den Embolo duerchsetzen, ma säi Ball gouf nach vum Thuram ofgelenkt, éiert de Ball iwwert der Linn war.

Nom Téi stoung den Här Gräfe, den Arbitter vum Match, am Mëttelpunkt. No enger verongléckter Aktioun vum Beyer, deen de Sörloth ofgeschoss hat, louch de Ball am Gladbacher-Filet. De Gol gouf allerdéngs erëm oferkannt, dëst well de Stiermer mat der Hand um Ball war. Leipzig war duerno awer déi dominant Formatioun a si wollten de Match nach an hir Richtung dréinen. An der 57. Minutt war et den Nkunku, deen de verdéngten Uschloss markéiere konnt. Duerno huet d’Lokalekipp weider op den Ausgläich gedréckt, deen hinnen dann och an der 66. Minutt duerch de Poulsen gelénge sollt. Um Enn koum et da wéi et komme misst. Leipzig konnt sech fir hir couragéis Beméiunge belounen. An der Nospillzäit konnt de Sörloth de Ball mam Kapp am Gol ënnerbréngen a Gladbach domadder nach méi déif an d’Kris schéissen.

Bayern München - Köln 5:1

1:0 Choupo-Moting (18'), 2:0 Lewandowski (34'), 2:1 Skhiri (49'), 3:1 Lewandowski (65'), 4:1 Gnabry (82'), 5:1 Gnabry (86')

No der klorer 4:1-Victoire an der Champions League an der Woch géint Lazio Rom wollten d’Bayern och an der Bundesliga hir Spëtzepositioun festegen. An den éischten 10 Minutte konnt Köln nach gutt dogéint halen, ma déi éischt geféierlech Aktioun wa fir de Kont vun de Münchener. An der 15. Minutt hat de Süle sech aus ronn 22 Meter een Häerz geholl, ma säi Schoss goung awer knapp iwwert d’Lat. Nëmmen 3 Minutte méi spéit konnt den Choupo-Moting et da besser maachen. No enger Flank vum Goretzka stoung den Stiermer ze fräi a konnt de Ball mam Kapp aus 5 Meter am Filet ënnerbréngen. Duerno huet den däitsche Champion de Match dominéiert. No 34 Minutte konnt de Lewandowski erhéijen an op en Neits war et de Goretzka, deen de Gol opgeluecht hat. Et war dem Polnesche Stiermer säi 27. Gol an dëser Saison.

Nom Säitewiessel hunn d’Gäscht erëm an de Match fonnt. No engem Feeler an der Münchener Defense tëscht dem Boateng an dem Alaba konnt de Skhiri de Ball aus 6 Meter iwwert den Neuer schéissen a senge Faarwe soumat erëm Hoffnung ginn. Dës Hoffnung war awer net vu laanger Dauer. An der 65. Spillminutt huet den agewiesselte Müller de Pol fonnt, deen de Ball äiskal an de Filet setze konnt. Um Enn gouf et eng däitlech Victoire fir de Rekord-Champion. Den Hernandez konnt de Ball an de Strofraum bréngen, wou de Gnabry keng Problemer méi hat, an an der 82. Minutt fir d’Entscheedung suerge konnt. De Schlusspunkt war da 4 Minutte méi spéit op en Neits fir de Gnabry, deen eng Flank vum Goretzka mam Kapp iwwert d’Linn drécke konnt. Domadder huet den FCB um Enn mat 5:1 géint Köln gewonnen.

Dortmund - Bielefeld 3:0
1:0 Dahoud (48'), 2:0 Sancho (58', Eelefmeter), 3:0 Reinier (81')

Fir de BVB war eng Victoire fest ageplangt, wollt een den Uschloss un d’Champions-League-Plazen net verléieren. An enger flotter Partie huet sech Bielefeld an der éischter Hallschent awer net verstoppt. Déi gréisste Geleeënheet virum Säitewiessel hat de Reus an der 28. Minutt, ma säi Versuch goung just op d’Lat. Op der anerer Säit war et kuerz virun der Paus de Cordova, deen de Ball aus knapp 16 Meter nëmmen Zentimeter laanscht de Potto gesat hat.

Nom Téi konnt Dortmund a Féierung goen. No enger gudder Aktioun vum Sancho hat den engleschen Nationalspiller den Dahoud fonnt, deen de Ball mat engem prezise Schoss an de lénken Eck setze konnt. Den Ortega am Gol vu Bielefeld hat hei keng Chance. Nëmme 15 Minutte méi spéit sollt et nach méi batter fir d’Gäscht kommen. No engem Feeler vum Pieper um Reus gouf et zu Recht Eelefmeter fir Dortmund. Dëse konnt de Sancho sécher verwandelen a soumat op 2:0 stellen. Um Enn war et eng kloer Geschicht. An der 81. Minutt konnt de Reinier mat sengem éischte Gol an der Bundesliga no enger excellenter Kombinatioun vun Dortmund fir d’Entscheedung suergen. Soumat klappt de BVB Bielefeld mat 3:0. Duerch dës Victoire sinn déi Dortmunder elo nëmme méi dräi Punkte vun enger Champions-League-Plaz ewech.

Wolfsburg - Hertha BSC 2:0
1:0 Klünter (37', Selbstgol), 2:0 Lacroix (89')

Stuttgart - Schalke 5:1
1:0 Endo (10'), 2: 0 Endo (26'), 3:0 Kalajdzic (34'), 3:1 Kolasinac (40'), 4:1 Klement (88'), 5:1 Didavi (90'+2)

Kaum nach Hoffnung dierft een op Schalke hunn. Um Samschdeg koum eng weider ganz batter Néierlag dobäi. Mat 1:5 huet den Tabelleleschte géint Stuttgart de Kierze gezunn.

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO