Internationale FuttballLeipzig setzt Bayern ënnert Drock

RTL Lëtzebuerg
Auswäerts huet sech d'Ekipp vum Nagelsmann mat 1:0 géint den Opsteiger Bielefeld behaapt.
© AFP (Archiv)

E Freideg den Owend war an der Bundesliga den Optakt vum 26. Spilldag. Leipzig huet sech hei mat 1:0 zu Bielefeld behaapt. No den éischte 45 Minutte stoung et nach 0:0 tëscht dem Opsteiger an dem Tabellenzweeten. Dem Nagelsmann senger Ekipp ass Sekonnen no der Paus duerch de Sabitzer den decisiven 1:0 gegléckt. Leipzig konnt dëse klengen Avantage iwwert d’Zäit bréngen an huet op d’mannst bis e Samschdeg de Retard an der Tabell op de Leader Bayern München op ee Punkt verkierzt.

Fir Bielefeld war et schonn déi néngten Defaite am eegene Stadion an dëser Saison, dat ass een neie Veräinsrekord. An der Tabell steet d’Ekipp vum Kramer op der 15. Plaz. Den Opsteiger kéint um 26. Spilldag allerdéngs nees op eng Ofstigsplaz rutschen.

Klickt hei, fir op déi komplett Resultater vun der Bundesliga ze kommen.

An der Ligue 1 a Frankräich hat e Freideg den Owend Monaco auswäerts keng Problemer géint Saint-Étienne. No 90 Minutten huet ee sech duerch Goler vu Jovetic (13'), Tchouameni (55'), Diop (64') an Diatta (76') kloer mat 4:0 behaapt. An der 12. Minutt hat de Jovetic nach een Eelefmeter verschoss.

Duerch dës Victoire bleift Monaco un de Spëtzenekippe Lille, PSG a Lyon drun. Saint-Étienne läit op der 16. Plaz an huet e Virsprong vu sechs Punkten op d’Relegatiounsplaz.

Klickt hei, fir op déi komplett Resultater vun der Ligue 1 ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO