Champions LeagueLeipzig spillt säin "Heemmatch" géint Liverpool zu Budapest

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Uefa um Sonndeg de Mëtteg matgedeelt huet, spillt Leipzig säin Allersmatch an den 1/8-Finalle géint Liverpool de 16. Februar um 21 Auer zu Budapest.
© AFP

Wéinst der aktueller Corona-Pandemie ass et dem FC Liverpool net erlaabt, an Däitschland anzereesen. Och an Ungarn gëllt een Areesverbuet, fir de Profi-Sport ginn et awer Ausnamen.

De Match gëtt de 16. Februar zu Budapest gespillt. De Retourmatch gëtt wéi geplangt den 10.03. op der Anfield Road zu Liverpool gespillt.

Back to Top
CIM LOGO