
FC Augsburg - RB Leipzig 0:3
0:1 Orban (11'), 0:2 Poulsen (75'), 0:3 Angelino (82')
Am Duell vun de Bundesligaekippen huet e fréie Gol de Favorit aus Leipzig a Féierung bruecht. No engem Corner vum Angelino haten d’Verteideger vun Augsburg den Organ net op der Rechnung an hie koum zimmlech fräi op 6 Meter zum Kappball an huet dem Gikiewicz keng Chance gelooss. Iwwerhaapt huet Leipzig déi éischt Hallschent dominéiert, mat 68 Prozent Ballbesëtz an 12 zu 1 Ofschlëss, ma vill méi konnte si aus hirer Iwwermuecht net maachen.
Nom Säitewiessel hat Augsburg op eemol méi vum Match, wat de Ballbesëtz betrëfft, ma geféierlech virum Gol war weider just Leipzig. Sou war et dann och wéineg verwonnerlech, datt de Poulsen no 75 Minutte de Virsprong op 2:0 ausgebaut huet, dat no enger Virlag vum Olmo. An der 82. Minutt lant en ofgeblockte Ball virun de Féiss vum Angelino un der Strofraumgrenz. Hien huet net gezéckt an direkt ofgezunn an den 3:0 markéiert.
TSG Hoffenheim - SpVgg Greuther Fürth 2:3 n.E. (2:2)
1:0 Kramaric (13'), 1:1 Ernst (21'), 1:2 Meyerhöfer (46'), 2:2 Akpoguma (49')
Eng kleng Iwwerraschung gouf et dogéint zu Sinsheim, well Fürth aus der zweeter Bundesliga konnt dem Favorit en 2:2 no 90 Minutten ofkämpfen an esou d’Verlängerung erzwéngen an och do sollt sech keng Ekipp kënnen duerchsetzen. Esou huet dëse Match misste vum Punkt decidéiert ginn. De Bauer huet direkt den éischte Fürther Penalty verschoss, Hoffenheim dogéint huet eréischt de Fënneften net markéiert, esou datt et elo ëmmer op déi direkt Dueller ukomm ass. Béid Ekippen hunn dunn de sechsten Eelefmeter verschoss. Et war den néngten Eelefmeter, deen decidéiert huet, well den Nuhu säi fir Hoffenheim net markéiere konnt, de Meyerhöfer fir seng Faarwen awer treffe konnt, an domadder huet hien aus der klenger Iwwerraschung schonn éischter eng kleng Sensatioun gemaach.
1. FC Union Berlin - SC Paderborn 2:3
0:1 Michel (3'), 1:1 Prömel (6'), 1:2 Srbeny (31'), 1:3 Michel (36'), 2:3 Hünemeier (58', sg)
Schonn no 6 Minutte stoung et 1:1 zu Berlin, nodeem de Michel quasi mat der éischter Chance fir Paderborn getraf hat an de Prömel kuerz drop ausgeglach huet. Paderborn hat déi éischt Hallschent liicht méi vum Match, ma si ware virum Gol äiskal. Véier mol hate si no 40 Minutten den Ofschloss gesicht, 3 Mol hate si de Gol getraff an 3 Mol war de Ball dobannen. Opgefall ass do de Michel, deen nieft dem 1:0 och den 3:1 markéiert huet an de Srbeny hat dotëscht nach den 2:1 geschoss. Mam Resultat vun 1:3 ass et dann och an d’Paus gaangen.
Eng onglécklech Situatioun dunn an der 58. Minutt, wéi den Hünemeier an den eegene Gol trëfft an domadder Berlin nees zeréck an de Match bréngt. De Verteideger hat probéiert, fir eng Flank ofzewieren, ma huet sengem Golkipp mat där Aktioun keng Chance gelooss. Berlin selwer hat déi zweet Hallschent och däitlech méi vum Match, Ballbesëtz an och Ofschlëss, ma dës koumen ze seelen op de Gol a wann, da ware se net geféierlech. Esou suergt Paderborn fir déi zweete Sensatioun op dësem Owend, andeem och si e Bundesligist eliminéieren.
1. FC Köln - VFL Osnabrück 1:0
1:0 Modeste (45'+1)
SSV Ulm 1846 - FC Schalke 04 1:3
0:1 Serdar (27'), 0:2 Raman (51'), 0:3 Raman (62'), 1:3 Richert (82')

Eintracht Braunschweig - Borussia Dortmund 0:2
0:1 Hummels (12'), 0:2 Sancho (90'+2)
Dynamo Dresden - SV Darmstadt 98 0:3
0:1 Schnellhardt (24'), 0:2 Paik (59'), 0:3 Dursun (72')
SV Elversberg - Borussia Mönchengladbach 0:5
0:1 Wolf (5'), 0:2 Benes (21'), 0:3 Stindl (36'), 0:4 Herrmann (69'), 0:5 Villalba (83',p)
Juventus Turin - AC Florenz 0:3
0:1 Vlahovic (3'), 0:2 Sandro (76', sg), 0:3 Caceres
Kee gudde Start fir Juventus doheem géint Florenz. Als éischt bréngt de Vlahovic Florenz a Féierung, no enger gudder Virlag vum Ribery an dono gesäit de Cuadrado schonn no 17 Minutten déi rout Kaart, nodeem sech den Arbitter d’Zeen am VAR ugekuckt huet. D’Iwwerzuel konnt Florenz laang Zäit net ausnotzen, well de Match war, wat Ballbesëtz a Chance betrëfft, zimmlech ausgeglach. An der 76. Minutt war et dunn den Alex Sandro, deen an den eegene Gol getraff huet an domadder de Virsprong vu Florenz ausgebaut huet. 5 Minutte méi spéit huet de Caceres fir Florenz getraff an domadder den Deckel dropgemaach.

Real Sociedad - Atlético Madrid 0:2
0:1 Hermoso (49'), Llorente 0:2 (74')
Et war de Spëtzematch op dësem Spilldag an der Spuenescher Liga. Den Éischten Atlético Madrid (29 Punkten aus 12 Matcher) war beim Drëtten Real Sociedad (26 Punkten aus 15 Matcher) op Besuch. De Momentum louch dobäi kloer op der Säit vun de Gäscht, déi aus de leschte 5 Matcher 4 Victoire konnte feieren. Fir Heemekipp dogéint gouf et just 3 Punkten aus 5 Matcher. Déi éischt Hallschent war zimmlech ausgeglach. Real hat mat 54 Prozent liicht méi Ballbesëtz, Atlético hat mat 4 zu 3 Schëss beim Ofschloss d’Nues liicht vir. E Gol ass awer an dëse 45 Minutten net gefall.
Ma nom Säitewiessel huet et net laang gedauert, bis Madrid a Féierung gaangen ass. E Fräistouss lant direkt beim Hermoso, deen dësen ouni Problem erakäppe konnt. Mat engem propperen Distanzschoss huet de Llorente dunn an der 74. Minutt op 2:0 erhéicht. Bei deem Resultat sollt et dann och bleiwen an Atlético bleift souverän un der Spëtzt, mat 3 Punkten Avance awer engem Match manner op de Lokalrival Real Madrid.
FC Valencia - FC Sevilla 0:1
0:1 Suso (81')