FrëndschaftslännermatchLëtzebuerg an Ungarn trenne sech mat engem 2:2

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend huet d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp am Stade de Luxembourg e Frëndschaftslännermatch géint Ungarn gespillt.

Lëtzebuerg géint Ungarn / Rep. Serge Olmo

No enger gudder éischter Hallschent an dem Rekord-Gol vum Gerson Rodrigues goufen d’Säite beim Stand vun 1:1 gewiesselt. An der zweeter Hallschent hunn d’Rout Léiwe sech ganz laang ganz schwéier gedoen, hunn an der Schlussphas awer eng richteg gutt Leeschtung gewisen a spillen um Enn duerch dem Alessio Curci säi Debut-Gol 2:2.

Reaktioune vun de Lëtzebuerger
De Luc Holtz, de Laurent Jans, de Florian Bohnert, den Alessio Curci an de Gerson Rodrigues ware beim Mike Fandel um Mikro.

Resumé vum Match

Déi bescht Zeene vum Match Lëtzebuerg géint Ungarn
Schlussendlech goung de Match mat engem 2:2 op en Enn.

Wéi erwaart gouf et an den éischte Minutte vum Match vill Drock vun de Gäscht aus Ungarn.

An der 6. Minutt gouf et dunn no engem Feeler an der Defense e Foul vum ungaresche Golkipp um Gerson Rodrigues. De Gefoulten ass selwer ugetrueden an huet a sengem 50. Lännermatch säi 15. Gol geschoss an huet domat de Rekord gebrach vun de meeschte Goler an der Lëtzebuerger Nationalekipp.

An der Suite huet Lëtzebuerg e bëssen d’Kontroll vum Match iwwerholl a si hu sech ëmmer nees klenger Offensivaktiounen erausgespillt an d’Ungaren och duerch Pressing ëmmer nees zu Feeler gezwongen.

No ronn 20 Minutte sinn d’Ungaren dunn awer nees méi staark ginn an no enger gudder éischter Chance an der 22 Minutt konnt den Attila Szalai an der 25. Minutt fir d’Gäscht ausgläichen.

An der Suite war Ungarn en Tick besser wéi d’Rout Léiwen, nawell gouf et klenger Chancen op béide Säiten. Beim Stand vun 1:1 goufen dann och d’Säite gewiesselt.

D'Goler aus der éischter Hallschent
De Gerson Rodrigues mam 1:0 fir Lëtzebuerg, ier den Attila Szalai ausgläiche konnt.

An der zweeter Hallschent stoungen d’Lëtzebuerger dunn awer schonns fréi ënner Drock. D’Ungare waren immens geféierlech an hate méi wéi nëmmen eng Chance, fir a Féierung ze goen.

Den agewiesselte Ralph Schon am Gol hat all Hänn voll ze dinn. An der 67. Minutt war dunn awer och fir de Wëlzer Golkipp näischt méi ze maachen, wéi den Nemeth op 2:1 fir Ungarn stelle konnt.

An der 78. Minutt konnten d’Lëtzebuerger du mat hirer éischter Golchance an der zweeter Hallschent direkt markéieren. Den agewiesselten Alessio Curci konnt do nämlech a sengem alleréischte Lännermatch den 2:2 schéissen.

An der 81. Minutt hat de jonke Lëtzebuerger dunn esouguer nach den 3:2 um Fouss, wéi en eleng a Richtung Gol gelaf ass, ma den ungaresche Golkipp konnt staark paréieren. Bis zum Schluss ass et dunn och beim 2:2 bliwwen.

D'Goler aus der zweeter Hallschent
Den Nemeth konnt Ungarn mat 2:1 a Féierung bréngen, ier den Alessio Curci fir d'2:2-Schlussresultat suerge konnt.

Back to Top
CIM LOGO