Covid-RestriktiounenLëtzebuerg, eent vun de wéinege Länner an Europa wou kee Futtball gespillt gëtt

Franky Hippert
D'Futtball-Joer ass gutt gefëllt. Hei am Land rullt de Ball aktuell net an dat kéint negativ Repercussiounen op d'Nationalekipp an d'Veräiner hunn.
© Archiv

Am Moment ass duerch de Covid-Lockdown jo keen organiséierte Sport hei zu Lëtzebuerg, an deemno kann och kee Futtball gespillt ginn. De Futtball-Kalenner ass an den nächsten 12 Méint awer gutt gefëllt. Nieft den normalen nationalen an internationale Rendez-vouse steet 2021 d’Europameeschterschaft am Juni an 12 europäesche Länner um Programm. Donieft fänkt am Mäerz awer och schonn d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft un, déi dann d’nächst Joer am Qatar ass.

Futtball-Joer 2021 gutt gefëllt / Reportage Franky Hippert

Fir de President vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, Paul Philipp ass kloer, datt een Evenement an der Sportaart mam ronne Lieder dëst Joer besonnesch erausstécht, awer net nëmmen:

“Dee gréissten ass natierlech d’Europameeschterschaft, déi am Summer gespillt gëtt, déi verluecht huet misse ginn, dann d’Champions League, déi am gaangen ass, dann Weltmeeschterschaftsqualifikatioun, déi am Mäerz fir eis ufänkt. An dann ass fir eis den neie nationale Futtballstadion, wou si mer do drun. Mir hunn nach ëmmer als Zil, am Mäerz géint Portugal do ze spillen.”

Am Mäerz fänkt jo fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft, déi d’nächst Joer am Qatar ass, un. Den FLF-President Paul Philipp huet do scho seng Virstellung, wat den Nationaltrainer Luc Holtz mat senger Ekipp punkteméisseg um Enn vun der Campagne ënnert dem Stréch stoe soll hunn:

“Mir sinn elo op engem Niveau, wéi mer soen et geet net duer, just gudde Futtball ze spillen, mir wëllen och Punkten, déi hu mer jo och an der Lescht krut. Mir sinn elo awer an engem ondankbare Grupp mat Portugal, Serbien, Irland an Aserbaidjan. Mir kënnen awer 2 Matcher an deem Grupp wannen, 6 bis 8 Punkten, jo also och nach géint Serbien oder Irland punkten.

Wat dat nationaalt ugeet, ass et natierlech och d’Fro wéi schwiereg et fir d’Lëtzebuerger Futtballfederatioun ass, wann ee weess, datt quasi an allen aneren europäesche Länner, och an deene méi klengen, trotz Covid-Mesuren, d’Kompetitioune bei der Elite am gaange sinn:

Jo dat ass an der Hisiicht schwéier, wann et herno ëm Datume geet, well mer da relativ wéineg Argumenter bei der Uefa oder der Fifa hunn. An Däitschland gëtt am Moment bis an d'4. Divisioun an d’Regionalliga gespillt. Datt ass kee Reproche, ma et ass awer schwéier, wa mer herno bei d’Uefa misste kämpfe goe fir eis Veräiner.

An der Futtball- an och an der Sportswelt hei zu Lëtzebuerg hofft een op jiddwerfalls, datt vu Mëtt Januar un nees e bësse méi Normalitéit wäert sinn.

Aktuell ass et esou, datt vum 15. Januar un nees normalen Training méiglech wär. Bei der FLF sollen dann d’Kompetitiounen am Prinzip de Weekend vum 6. Februar nees ufänken. En Dënschdeg kënnt d’Regierung jo zesummen, fir ze decidéieren, wéi et dann effektiv a puncto Covid-Mesurë weider geet.

Back to Top
CIM LOGO