U21-EM-QualifikatiounLëtzebuerg muss sech géint Schweden geschloe ginn

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend huet d'Lëtzebuerger U21-Nationalekipp mat 0:3 géint hir Alterskolleegen aus Schweden verluer.
U21 verléiert géint Schweden
En Donneschdeg huet d’Lëtzebuerger U21-Futtballnationalekipp hiren 8. Qualifikatiounsmatch fir d’Europameeschterschaft 2023 a Rumänien a Georgien gespillt.

De Sarr, den Hussein an de Walemark hunn d’Goler fir Schweden markéiert. Zwee vun de Goler waren Eelefmeter. Schweden steet an der Tabell op der éischter Plaz, Lëtzebuerg op der leschter. Déi jonk Rout Léiwe konnte bis elo nëmmen 1 Punkt an 8 Matcher sammelen.

Den nächste Match fir d’U21 ass e Méindeg zu Déifferdeng géint Italien.

Back to Top
CIM LOGO