D’Gäscht aus Norwege si staark an de Match gestart a louchen nom éischte Véierel mat 24:9 a Féierung. De Rhythmus, dee Lëtzebuerg an der Ufanksphas gefeelt huet, huet d’Ekipp vum Trainer Ken Diederich am zweete Véierel fonnt. Mat engem 15:2-Laf hunn d’roud Léiwen de Réckstand op 1 Punkt verkierzt (25:26). Bis zum Säitewiessel konnte sech d’Gäscht allerdéngs nees op 43:32 ofsetzen.
Ennerstëtzt vun de ronn 1800 Supporter an enger ausverkaafter Coque konnt Lëtzebuerg sech d’Féierung am drëtte Véierel zeréckkämpfen. Virun allem de Clancy Rugg war an dëser Phas net ze stoppen a Lëtzebuerg konnt no 30 Minutte beim Resultat vun 52:51 un eng Victoire gleewen. De leschte Véierel hunn d’Gäscht aus Norwegen dominéiert (21:6), de Favorit setzt sech um Enn mat 72:58 duerch.
Mat 22 Punkten war de Clancy Rugg de beschte Scorer op Säiten vun der Lëtzebuerger Ekipp.
Um Donneschdeg hat sech Lëtzebuerg no engem phenomenale Comeback am leschte Véierel mat 76:72 an der Verlängerung a Rumänien duerchgesat.
An der Paus vum Match goufen d’Nadia Mossong an de Bob Melcher fir hir laang Karriär an der Nationalekipp geéiert. De Sportminister Georges Mischo an den FLBB-President Samy Picard hunn hinne Fotoen iwwerreecht.

Kuckt hei de ganze Match nach eng Kéier am Replay op RTL Play