Um Donneschdeg huet d'Nationalekipp vun den Hären auswäerts a Rumänien den éischte Match vun der Prequalifikatioun fir d'WM 2027 gespillt.

An der BT Arena zu Cluj hat Lëtzebuerg duerch en Dunking vum Ben Kovac no knapp 3 Sekonne gutt an de Match fonnt. Duerno haten d'Gäscht allerdéngs Schwieregkeeten, hire Rhythmus ze fannen. An der éischter Hallschecht huet keen Dräier de Wee an de Kuerf fonnt (0 vun 11 Versich). No 20 Minutte louch d'FLBB-Formatioun ënner anerem dowéinst mat 27:39 am Réckstand.

Och nom Säitewiessel haten d'rout Léiwe kee Gléck bei de Schëss aus der Distanz, déi éischt 18 Versich an dësem Match huet Lëtzebuerg verfeelt. D'Lokalekipp huet et verpasst, sech eng méi grouss Féierung erauszespillen, an esou sollt et der Ekipp vum Nationaltrainer Ken Diederich geléngen, wéi aus dem Näischt zeréck an de Match ze kommen. Lëtzebuerg war op emol hell waakreg an huet sech mat engem spektakulären 29:12 am véierte Véierel an d'Verlängerung gerett.

No 5 Extra-Minutte setzt sech Lëtzebuerg mat 76:72 duerch. Mat 15 Punkten huet de Max Logelin eng aussergewéinlech Leeschtung gewisen, ma och de Ben Kovac hat 15 Punkten um Kont.

Um Sonndeg steet um 17 Auer an der Coque um Kierchbierg en Heemmatch géint Norwegen um Programm. Och dëse Partie kënnt der am Livestream op RTL.lu kucken.