CEV Volleyball SilverleagueLëtzebuerg verléiert Optaktmatch mat 1:3 géint Kroatien

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend haten d'FLVB-Hären hiren éischte Match an der Silverleague.
© RTL-Archiv

An der CEV Volleyball Silverleague verléieren d’FLVB-Hären (Nr 35) hiren Optaktmatch mat 1:3 géint Kroatien (Nr 27).

Den éischte Saz war extrem spannend an D’Lëtzebuerger hunn hir fréi Féierung bis zum Schluss verdeedegt. Duerno huet Kroatien d‘Lëtzebuerger Schwächte méi konsequent ausgenotzt an de Match mat 25:12, 25:16 a 25:20 gewonnen.

De Lëtzebuerger Kapitän Gilles Braas huet bei dësem Match seng 125. Selektioun gefeiert.

Um Samschdeg spillen Rout Léiwen zu Amstetten (AUT) géint Ungarn (Nr 34).

Back to Top
CIM LOGO