Futtball U21-EM-QualifikatiounLëtzebuerger U21 klappt Estland kloer a schléisst d'EM-Quali mat Victoire of

Steven Milbert
En Dënschdegowend stoung fir d'U21 vun der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp dee leschten EM-Quali-Match um Programm. De Géigner op der Escher Grenz war dobäi Estland.
Fir d'Lëtzebuerger U21 ass et um Dënschdegowend op der Escher Grenz géint Estland gaangen.
Fir d'Lëtzebuerger U21 ass et um Dënschdegowend op der Escher Grenz géint Estland gaangen.
© Screenshot / Stream

D'Lëtzebuerger U21-Nationalekipp huet sech en Dënschdeg am leschte Match vun der EM-Qualifikatioun mat 3:0 géint Estland duerchgesat. Den Helmer Tavares huet d'Rout Léiwen an der éischter Hallschent a Féierung bruecht, ier den Eliot Thelen an den Ivan Englaro an der Schlussphas fir déi definitiv Decisioun gesuergt hunn.

Lëtzebuerg - Estland 3:0

1:0 Tavares (30'), 2:0 Thelen (90'), 3:0 Englaro (90'+3)

D'Lëtzebuerger U21 konnt sech zu Esch mat enger verdéngter 3:0-Victoire géint Estland behaapten an domadder d'U21-EM-Qualifikatioun mat enger Victoire ofschléissen. Vun Ufank un haten d'Rout Léiwen déi besser Chancen a konnte sech an der 30. Minutt fir hire monteren Optrëtt belounen: No engem Corner vum Elshan stoung den Helmer Tavares goldrichteg a konnt den 1:0 markéieren.

Och nom Säitewiessel war Lëtzebuerg déi méi geféierlech Ekipp, huet et awer laang verpasst, de Match definitiv ze entscheeden. Eréischt an der Schlussphas ass d'Resultat méi däitlech ginn. An der 90. Minutt huet den Eliot Thelen no Viraarbecht vum Benslaiman op 2:0 erhéicht, ier den Ivan Englaro an der Nospillzäit fir den 3:0-Endstand gesuergt huet.

An der Grupp C war virum leschte Spilldag scho kloer, datt Lëtzebuerg sech net méi fir d'Endronn qualifizéiere konnt. Mat der Victoire géint Estland klammen d'Rout Léiwen awer op 10 Punkten a schléissen d'Grupp op der 5. Plaz virun Estland of. Frankräich hat sech schonns als Vainqueur vun der Grupp fir d'EM qualifizéiert, wärend d'Schwäiz an Island nach ëm déi zweet Plaz gekämpft hunn. Op dëser sinn um Enn awer d'Islänner gelant.

Back to Top
CIM LOGO