The Best FIFA Football AwardsLewandowski gouf zum Weltfuttballer gewielt, Bronze zur Weltfuttballerin

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend huet de Spiller vum FC Bayern säi wuel bis heihinner gréissten Titel gewonnen.
© AFP (Archiv)

Zur Auswiel stoungen de Lionel Messi, de Cristiano Ronaldo an de Robert Lewandowski. Déi zwee éischtgenannt zielen zanter Joren zu de ganz grousse Superstaren, iwwerdeems de Lewandowski ni an engem Otemzuch mam Argentinier an dem Portugis genannt gouf, bis eben dëst Joer. De polneschen Nationalspiller huet iwwer Jore schonn ëmmer op allerhéchstem Niveau gespillt an huet d’lescht Saison mam FC Bayern München den Triple gewonnen a konnt op ganzer Linn iwwerzeegen.

Um Enn goung den Titel dann och un de Robert Lewandowski, deen domat d’Wiel zum Weltfuttballer fir déi éischte Kéier a senger Karriär gewënnt.

Bei den Damme goung den Titel un d’Lucy Bronze, si huet sech géint d’Pernille Harder an d’Wendie Renard duerchgesat.

Déi weider Präisser am Iwwerbléck

D’Sarah Bouhaddi gouf zur beschter Golkipperin gespillt.

De Manuel Neuer gouf zum beschte Golkipp gewielt.

Den Heung Min Son huet de Puskas Award gewonnen, de Präis fir de schéinste Gol vum Joer.

D’Sarina Wiegmann gouf zur beschter Trainerin vun enger Dammenekipp gewielt.

De Jürgen Klopp gouf zum beschten Trainer vun enger Härenekipp gewielt.

De Mattia Agnese huet de Fair-Play-Präis gewonnen.

De Marivaldo Francesco da Silva huet Fan Award gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO