Internationale FuttballLiverpool verléiert géint Leeds, Barca klappt Valencia

RTL Lëtzebuerg
Chelsea verléiert iwwerdeems däitlech géint Brighton, wärend Neapel weider ongeschloe bleift. Atlético Madrid verléiert a leschter Minutt géint Cadiz.
© AFP

An der Bundesliga hunn d’Bayern sech ënner anerem kloer géint Mainz duerchgesat, wärend Leipzig Leverkusen geklappt huet.

Premier League

Leicester City - Manchester City 0:1
0:1 De Bruyne (49’)

Manchester City war zwar vun Ufank un déi spillbestëmmend Ekipp, ma d’Feele vum blesséierten Erling Haaland huet ee virun allem am leschten Drëttel gemierkt. Kuerz no der Paus war et awer den De Bruyne, deen d’Citizens duerch en herrleche Fräistouss a Féierung brénge konnt. An der Suite ass Leicester zwar besser ginn, fir den Ausgläich sollt et um Enn awer net méi duergoen. Manchester City spréngt domat un d’Tabellespëtzt, Arsenal kann e Sonndeg allerdéngs nees laanschtzéien.

Brighton & Hove Albion - Chelsea 4:1
1:0 Trossard (5’), 2:0 Loftus-Cheek (14’, Selbstgol), 3:0 Chalobah (42’, Selbstgol), 3:1 Havertz (48’), 4:1 Groß (90+2’)

Chelsea ass vun Ufank u mam Pressing vun der Lokalekipp net eens ginn an ass scho fréi a Réckstand geroden. Duerch zwee Selbstgoler stoung et dunn nach virun der Paus 3:0 fir den ale Veräin vum Graham Potter, dee jo elo Trainer vun de Blues ass. Trotz dem Havertz sengem Uschlossgol ass Chelsea net méi erukomm, éier de Groß an der Nospillzäit den Deckel endgülteg dropgemaach huet.

Liverpool - Leeds United 1:2
0:1 Rodrigo (4'), 1:1 Salah (14'), 1:2 Summerville (89')

Liverpool verléiert iwwerraschend mat 1:2 géint Leeds United. Nom fréie Réckstand vum Rodrigo huet de Salah de Match an der 14. Minutt konnten ausgläichen. Virun allem an der Schlussphase huet Liverpool den Drock ferm erhéicht, Firmino, Darwin a Co. sinn awer ëmmer nees um ganz staarke Golkipp Meslier hänke bliwwen. De Summerville huet mat sengem Gol an der 89. Minutt vir d’Iwwerraschung gesuergt. Liverpool bleift am Mëttelfeld hänken, Leeds schafft sech op déi 15. Plaz no vir.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

SSC Neapel - Sassuolo Calcio 4:0
1:0 Osimhen (4’), 2:0 Osimhen (19’), 3:0 Kvaratskhelia (36’), 4:0 Osimhen (77’)

Neapel ass weider net ze stoppen an huet och géint Sassuolo keng Problemer. Zwee Goler vum Osimhen hunn d’Ekipp vum Luciano Spalletti fréi a Féierung bruecht, éier de Kvaratskhelia nach virun der Paus fir d’Entscheedung gesuergt huet. Am zweeten Duerchgang huet den Osimhen dunn nach säin 3. Gol vum Dag markéiert. Neapel bleift domat an dëser Saison weider ouni Néierlag an huet mat engem Match méi 6 Punkten Avance op den AC Mailand.

US Lecce - Juventus Turin 0:1
0:1 Fagioli (73')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Paris Saint-Germain - Troyes 4:3
0:1 Balde (3'), 1:1 Soler (24'), 1:2 Balde (52'), 2:2 Messi (55'), 3:2 Neymar (62'), 4:2 Mbappe (77'), 4:3 Palaversa (88')

Et huet net vill gefeelt an Troyes hätt Paräis am Parc des Princes nawell ferm iwwerrascht. Gläich zwee mol ass de Underdog duerch Goler vum Balde a Féierung gaangen. Messy, Neymar a Mbappe sollten de Match an der zweeter Hallschent awer nach zu Gonschte vum PSG dréinen. Troyes ass an der Schlussphase just nach den Uschloss gelongen, sou dass e sech um Enn mat 3:4 géint de PSG muss geschloe ginn.

Racing Stroossbuerg - Olympique Marseille 2:2
0:1 Dieng (8'), 0:2 Kabore (35'), 1:2 Mothiba (76'), 2:2 Gameiro (90+4')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

FC Cadiz - Atlético Madrid 3:2
1:0 Bongonda (1’), 2:0 Fernandez (82’), 2:1 Hernandez (85’, Selbstgol), 2:2 Felix (89’), 3:2 Sobrino (90+9')

Cadiz huet Atlético Madrid fréi geschockt an ass schonn no 30 Sekonnen duerch de Bongonda a Féierung gaangen. Nom 2:0 vum Fernandez ronn 10 Minutte viru Schluss huet d’Formatioun vum Diego Simeone geschloe geschéngt, ma d’"Rojiblancos” hu Moral bewisen an ee Selbstgol vum Hernandez erzwongen, éier de Felix kuerz drop den Ausgläich geschoss huet. Ma déi geckeg Schlussphas war nach net eriwwer an an der 9. Minutt vun der Nospillzäit huet de Sobrino Cadiz awer nach zur Victoire geschoss. Fir Atlético ass et no der Eliminatioun aus der Champions League ënnert der Woch eng weider dramatesch Schlussphas mam besseren Enn fir de Géigner.

FC Valencia - FC Barcelona 0:1
0:1 Lewandowski (90+4')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO