
De Lëtzebuerger Kamil Rychlicki huet senger Ekipp 20 Punkte bäigesteiert.
Am éischte Saz konnt Lube Civitanova mat 25-21 gewannen, den 2. an den 3. Saz sinn op de Compte vum Géigner gaange mat 21-25, respektiv 25-27. De 4. Saz konnt sech d’Ekipp ëm de Kamil Rychlicki mat 25-23 sécheren. Mat dem leschte Saz hu si awer 12-15 géint Perugia verluer.