VolleyballLube mam Kamil Rychlicki wënnt am drëtte Match géint Perugia

RTL Lëtzebuerg
An der SuperLega am italienesche Volleyball ass déi decisiv Phas ëm de Championstitel amgaangen.
© Francis Manderscheid (media4all.lu)

E Mëttwoch den Owend stoung am italienesche Volleyball-Championnat an der Finall deen drëtte Match an der Best-of-Five-Serie um Programm. Lube Civitanova konnt mam Kamil Rychlicki déi zweete Victoire géint Perugia feieren a läit domadder elo mat 2:1 an der Serie a Féierung.

Rychlicki a Co hu sech auswäerts an 3 Sätz mat 25:20, 25:18 an 25:14 behaapt.

E Samschdeg gëtt de véierte Match gespillt, da kéint eng Decisioun falen.

Back to Top
CIM LOGO