"Hatt huet 'okay' gesot"Luis Rubiales rechtfäerdegt Skandal-Kuss

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Luis Rubiales d'Futtballspillerin Jennifer Hermoso bei der Damme-WM 2023 ouni Erlabnis soll gekusst hunn, huet elo de Prozess ugefaangen.
De Luis Rubiales um Wee an d'Geriicht.
De Luis Rubiales um Wee an d’Geriicht.
© AFP

Am Prozess huet de fréiere President vum spuenesche Futtballverband d’Reprochë géint sech zréckgewisen a seng Duerstellung vum Kuss erkläert. Hie wier sech “absolutt sécher”, datt d’Weltmeeschterin Jennifer Hermoso deemools dem Kuss zougestëmmt hätt, sot de Rubiales en Dënschdeg bei senger Ausso viru Geriicht.

Hien hätt d’Hermoso no der Finall, déi Spuenien géint England gewonnen huet, gefrot, “ob ech dir e Kuss dierf ginn, a si huet ‘okay’ gesot”, esou de Rubiales. “Esou war et.” Virop hätt och näischt dorop higedeit, datt d’Hermoso e Problem mam Kuss gehat hätt. “Eréischt zwee Deeg méi spéit huet hatt seng Geschicht geännert.”

Virum Rubiales hat en Dënschdeg eng Persoun ausgesot, déi dorop spezialiséiert ass, Lëpsen ze liesen. Den Abel Banos huet op der Basis vun enger Video-Analys viru Geriicht ausgesot, datt de Rubiales d’Hermoso tatsächlech no engem Kuss gefrot hätt. “Hie sot: ‘Dierf ech dir e Kuss ginn? Doru gëtt et keen Zweiwel”, sot de Banos. D’Äntwert vum Hermoso wier um Video net z’erkennen.

De Luis Rubiales um Wee an d'Geriicht.
De Luis Rubiales um Wee an d’Geriicht.
© AFP

An der Woch virum Prozessoptakt hat d’Jennifer Hermoso betount, datt si dem Kuss net zougestëmmt hat. “Als Fra fillen ech mech net respektéiert. Dëse Moment huet ee vun de glécklechsten Deeg vu mengem Liewen negativ gepräägt”, sot déi 34 Joer al Futtballspillerin. E “Kuss op d’Lëpse gëtt et just, wann ech et esou decidéieren.”

De Luis Rubiales muss sech wéinst sexuellem Iwwergrëff an Zwang viru Geriicht veräntwerten. Nodeems déi spuenesch Dammen d’Futtballweltmeeschterschaft 2023 gewonnen haten, hat de Rubiales virun de Kameraen an ënner den Ae vu Millioune Spectateuren de Kapp vun der Jennifer Hermoso mat béiden Hänn gegraff a si op de Mond gekusst. D’Zeen hat fir e Skandal gesuergt a Kritiker hu se als Muechtmëssbrauch bezeechent.

RTL-News (27.3.24): No Kuss-Skandal a Spuenien: Parquet fuerdert 2,5 Joer Prisong fir de Luis Rubiales
RTL-News (26.1.24): Futtball - Spuenien: Fifa confirméiert Rubiales-Spär
RTL-News (15.9.23): Kuss-Skandal: Luis Rubiales muss sech vum Jenni Hermoso ewechhalen
RTL-News (10.9.23): No Kuss-Skandal: Luis Rubiales trëtt als Chef vum spuenesche Futtballverband zeréck
RTL-News (31.8.23): Maachen d’Spillerinne Witzer iwwert de Kuss? Luis Rubiales wëll sech mat Video entlaaschten
RTL-News (29.8.23): Kuss-Skandal vu Luis Rubiales: Spuenesch Regierung schéckt weider Dokumenter u Sportsgeriichtshaff
RTL-News (29.8.23): Federatioun fuerdert Récktrëtt: Mamm vum Luis Rubiales geet an den Hongerstreik
RTL-News (26.8.23): Kuss-Affär: Weltmeeschterin Hermoso mat Plainte gedreet, FIFA suspendéiert Rubiales

Back to Top
CIM LOGO