Champions LeagueLyon erkämpft sech 3:1-Victoire géint Manchester City

RTL Lëtzebuerg
Domat steet Lyon nieft dem PSG, Leipzig a Bayern München als 4. Halleffinalist vun der Champions League fest.

No der 2:8-Blamage vu Barcelona géint den FC Bayern gouf um Samschdeg de Géigner vum däitsche Rekordchampion fir d'Halleffinall an der Champions League gesicht.
Hei war et den Duell tëscht Manchester City an Olympique Lyon, bei dem de Favorit um Pabeier den englesche Vizechampion war, ma och d'Fransouse ware gewëllt, hir Chance ze notzen.

Um Enn konnt sech Lyon mat 3:1 duerchsetzen a soumat fir eng Iwwerraschung suergen. Manchester City war iwwert wäit Strecken net geféierlech genuch a Lyon hat alles dogéint gestallt. Domat treffe si an der Halleffinall op Bayern München.

Manchester City 1:3 Lyon

0:1 Cornet (24'), 1:1 de Bruyne (69'), 1:2 Dembélé (79'), 1:3 Dembélé (87')

Déi éischt offensiv Aktioun vun der Partie war an der 3. Minutt zu Gonschte vun den Englänner. No enger Pass an de Laf koum de Sterling virum Lopes un de Ball, ma seng Pass an de 5-Meter Raum konnt nach ofgewiert ginn, éier de Jesus un de Ball koum.

Manchester City war an der Ufanksphas wuel déi dominant Ekipp, dëst ouni allerdéngs zwéngend Geleeënheeten erauszespillen. No knapp 10 Minutten hat sech Lyon dann eng éischte Kéier an der Offensiv gewisen, ma de Schoss aus der Distanz vum Marcal war um Enn awer kee Problem fir den Ederson.

Duerno waren d'Männer vum Pep Guardiola beméit, de Match an d'Hand ze huelen, ma et war hinnen iwwert wäit Strecken net gelongen, fir den Drock op d'Defense vu Lyon ze erhéijen.

Lyon hat sech gréisstendeels op Konter verlooss, a genau esou ee sollt an der 24. Minutt fir d'Féierung suergen. No engem laange Ball konnt den Ekambi relativ fräi un de Ball kommen. Den Eric Garcia konnt den Ekambi nach vum Ball trennen, ma dem Cornet säi Noschoss war ganz prezis aus ronn 17 Meter geschoss a sou konnt hien de Ball am Filet ënnerbréngen.

De Cornet konnt Lyon a Féierung bréngen.
An der 24. Minutt konnt de Cornet de Ball mat engem iwwerluechte Schoss am Filet ënnerbréngen.

Manchester City wollt den Tempo nom Réckstand op en Neits unzéien, ma ofgesi vun engem Fräistouss aus spatzem Wénkel vum Kevin de Bruyne, deen de Lopes ouni gréisser Problemer ofwiere konnt, an engem Schoss vum Rodrigo, deen allerdéngs net wierklech geféierlech war, sollt keng grouss Geleeënheet dobäi eraussprangen.

An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent hat de Sterling no enger super Pass vum de Bruyne déi beschte Chance fir d'Englänner, ma och hei konnt déi franséisch Defense paréieren.

Déi beschten Aktiounen aus der éischter Hallschent.
Lyon konnt mat engem 1:0-Avantage an d'Paus goen.

Nom Säitewiessel hat et bis zur 60. Minutt gedauert, éiert d'Männer aus Manchester een offensiven Akzent weise konnten. De Kevin de Bruyne hat et mat engem direkte Fräistouss aus ronn 28 Meter aus zentraler Positioun probéiert, ma de Lopes konnt säi Schoss ofwieren an den Avantage vu senge Faarwe verdeedegen.

Lyon hat konzentréiert verdeedegt a City war aus dem Spill eraus net vill agefall.

An der 69. Spillminutt konnt Manchester City hier Iwwerleeënheet dann awer ausnotzen. De Sterling konnt sech am Strofraum behaapten. Den Englänner hat de Ball zréck geluecht an do war et dann den de Bruyne deen de Ball mat engem prezise Schoss an de rietsen Eck setze konnt a seng Faarwe soumat erëm an de Match bruecht hat.

Den 1:1 duerch de Kevin de Bruyne.
De Kevin de Bruyne konnt den tëschenzäitlechen 1:1 markéieren.

Dëse Gol hat dem englesche Vizechampion gutt gedoen. An der 77. Minutt war et de Gabriel Jesus, deen d'Féierung um Fouss hat, ma hien hat de Ball awer net richteg geroden.

Nëmmen eng Minutt méi spéit konnt Lyon dann hir éischte grouss Chance am zweeten Duerchgang verbuchen, an déi war direkt erfollegräich. No engem laange Ball war den agewiesselten Dembélé duerch an hat d'Nerve virum Ederson behalen.

Den Dembélé konnt no senger Awiesslung direkt markéieren.
Den agewiesselten Dembélé konnt d'Nerve behalen a seng Faarwen erëm a Féierung bréngen.

An enger Schlussphas, wou et hin an hier goung, war et an der 86. Minutt de Sterling, deen de Ball aus kuerzer Distanz iwwert de Gol geschoss hat. Am Géigenzuch konnt de Moussa Dembélé dann den Deckel dropmaachen. No engem Schoss vum Aouar konnt den Ederson de Ball net festhalen a sou hat de franséische Stiermer keng Méi méi.

Den 3:1 war op en Neits fir den Dembélé.
De franséische Nationalspiller konnt domat fir de Schlusspunkt suergen a Lyon an d'Halleffinall schéissen.

Bis zum Enn war Man City beméit, ma Lyon hat alles dogéint gestallt, wat se konnten, a sou blouf et bei der 3:1-Victoire fir d'Fransousen, déi soumat an der Halleffinall op Bayern München treffe wäerten.

Back to Top
CIM LOGO