
De Rodrigues schwätzt ënnert anerem iwwert säin Out bei der FLF-Selektioun. Hie wier zweemol gestrooft ginn, vum Geriicht a vun der Federatioun, dat wier net richteg a sengen Aen. Laut him wéilten d'Supporter, datt hien nees géif fir Lëtzebuerg spillen. Et bräicht een e Stiermer dee Goler schéisst, mä aktuell wéilt Lëtzebuerg wuel léiwer verléieren. Wann d‘Federatioun ee Schratt op hie géif duergoen, wier hie prett, fir zeréckzekommen.
De Rodrigues war wéinst haislecher Gewalt a Kierperverletzung zu 18 Méint op Sursis verurteelt ginn.
Säin neie Veräin an der Ukrain ass déi 19. Statioun a senger Karriär. Hie géif d'Veräiner net zielen a sech och net ze vill Gedanken driwwer maachen, hie wéilt einfach just säi Fridde fannen.
Apropos Fridden: de Gerson Rodrigues hätt deemools a senger Zäit bei Dynamo Kiew virun allem russesch geschwat, duerch déi aktuell Krichssituatioun hätt hien awer net d‘Recht, esou ze schwätzen, wéi hien et deemools geléiert hätt, dowéinst wéilt hien elo säin Ukrainescht verbesseren.
Wisou hie bei deene meeschte Veräiner net all ze laang bliwwen ass, erkläert hien doduerch, datt hie sech net ëmmer gutt verhalen hätt an net ëmmer déi néideg Astellung gewisen hätt. Elo mat 31 Joer wéilt hie virun allem just Futtball spillen, manner Party maachen, manner Alkohol drénken an allgemeng manner vun allem hunn.
Den Interview war op englesch, gouf awer op ukrainesch publizéiert a fir dësen Artikel mat Hëllef vu KI iwwersat. De Link zum Podcast fannt Dir hei.