
Nodeems Schalke um Freideg géint Hoffenheim de Kierzere gezunn hat, stoung um Samschdeg d’Suite vum 10. Spilldag an der Bundesliga um Programm.
Am Kellerduell huet Stuttgart den éischte Succès vun der Saison gefeiert. Am eegene Stadion war ee Bochum mat 4:1 iwwerleeën. Et war e perfekte Start an de Match fir d’Haushären. Nodeems no 2 Minutten e Feeler um Silas am Strofraum gemaach gouf, huet de selwechte Spiller den 1:0 vum Punkt markéiert. No ronn 20 Minutte konnt den Ahamada erhéijen. D’Gäscht hunn dono awer reagéiert a sinn duerch den Zoller op 1:2 erukomm. No der Paus huet Bochum de Match dominéiert, de Silas huet seng Ekipp mat 3:1 a Féierung bruecht. Fir déi definitiv Entscheedung huet den Endo mam 4:1 an der 71. Minutt gesuergt.
Mainz war mam Leandro Barreiro op Besuch zu Bremen. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller, dee bis zur 88. Minutt um Terrain stoung, huet sech mat 2:0 duerchgesat. Bremen huet vun Ufank un Drock gemaach an huet déi Mainzer am Opbau fréi gestéiert. Déi éischt richteg Golchance goung awer un d’Gäscht. Et war de Barreiro, deem säi Schoss no enger knapper hallwer Stonn awer net placéiert genuch war. D’Gäscht hu weider konsequent no vir gespillt a goufe belount. No enger flotter Pass vum Barreiro op den Da Costa, stoung den Ingvartsen an der Mëtt richteg an huet de Ball an de Filet gekäppt. Och nom Téi ass Mainz um Drécker bliwwen an huet duerch de Lee an der 66. Minutt erhéicht. Bis zum Schluss sollte keng weider Goler méi falen.
Frankfurt huet iwwerdeems géint Leverkusen e 5:1-Erfolleg gefeiert. Et war eng 1. Hallschent ouni vill Geleeënheeten op béide Säiten. Leverkusen hat liicht méi vum Spill an no 34. Minutten och déi bescht Chance. De Frimpong huet mat sengem Schoss just d’Lat getraff. An der Nospillzäit huet den Arbitter awer en Eelefmeter fir Frankfurt gepaff. Beim 2. Versuch huet de Kamada seng Faarwen a Féierung geschoss. Nom Säitewiessel ass et Schlag op Schlag gaangen. Den Hincapié huet fir Leverkusen ausgeglach, op der Géigesäit huet de Kolo Muani awer den 2:1 fir d’Heemekipp markéiert. D’Moral vun der Ekipp vum Xabi Alonso war gebrach. Déi weider Goler fir Frankfurt hunn de Kamada, de Lindstrom an den Alario merkéiert.
En 2:2-Remis gouf et tëschent Wolfsburg a Gladbach. D’Gäscht hu vun Ufank un d’Heft an d’Hand geholl a sinn duerch e Konter a Féierung gaangen. No enger flotter Kombinatioun iwwer de Lars Stindl huet de Marcus Thuram de Ball am Gol ënnerbruecht. An der Suite huet Wolfsburg probéiert, de Match ze maachen. Géint eng kompakt Gladbacher Ofwier sinn awer keng Golchancen erausgesprongen. Kuerz virun der Paus huet de Gerhardt awer fir d’Heemekipp ausgeglach. D’Gäscht si besser aus de Kabinne komm an den Thuram huet no 2 Minutten den 2:1 markéiert. Wolfsburg huet awer nees reagéiert an ass duerch de Marmoush nach zum Ausgläich komm. De lëtzebuergesche Nationalspiller Yvandro Borges souz de ganze Match op der Bänk.
Um Samschdeg Owend huet RB Leipzig knapp mat 3:2 géint Hertha Berlin gewonnen. Leipzig huet an der 1. Hallschent effizient hir Chancë genotzt. Duerch Goler vu Forsberg, Raum an Orban stoung et an der Paus schonn 3:0. Leipzig huet weiderhin den Tempo diktéiert, huet et awer verpasst, nach e Gol ze markéieren. D’Hertha ass dono duerch zwee Goler vu Lukebakio per Eelefmeter a Jovetic op 2:3 erukomm. Bis zum Schluss sollt et spannend bleiwen, um Enn ass der Heemekipp de Virsprong aus der Paus duergaangen, fir sech 3 Punkten ze sécheren.
Den Iwwerbléck vun den internationale Lige fannt Dir hei.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.