
A Frankräich huet Lille zu Stroossbuerg d’Iwwerhand behalen a ka sech an der Tabell weider no vir schaffen.
Schalke - Hoffenheim 0:3
0:1 Skov (11', Eelefmeter), 0:2 Dabbur (45+2'), 0:3 Skov (59', Eelefmeter)
An der Veltins-Arena sinn d’Gäscht fréi duerch en Eelefmeter a Féierung gaangen. No engem Feeler vum Greiml um Baumgartner huet de Skov de Ball vum Punkt an de Filet gesat. D’Ekipp vum Frank Kramer huet d’Käpp awer net hänke gelooss a sech gutt Chancen erausgespillt. De Mollet huet no engem secke Schoss an der 30. Minutt just de Potto getraff. Kuerz virun der Paus huet den Dabbur no engem Konter den 2:0 fir Hoffenheim markéiert. Nodeems de Bülter no der Paus nach emol de Potto getraff huet, gouf et op der anerer Säit den 2. Eelefmeter. De Skov huet fir d’Gäscht erhéicht. D’Moral vun der Heemekipp war gebrach a sou ass et bei der batterer 0:3-Defaite bliwwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Stroossbuerg - Lille 0:3
0:1 David (41', Eelefmeter), 0:2 David (76'), 0:3 Cabella (80')
De Matchwinner Jonathan David huet mat 2 Goler fir déi souverän Victoire vu Lille zu Stroossbuerg gesuergt. An der 1. Hallschent huet de Favorit sech schwéier gedoen. Duerch en Eelefmeter vum David ass de Favorit 1:0 vir komm. No der Paus si béid Ekippen zu Geleeënheete komm, den David huet awer mat sengem 2. Gol fir d’Virentscheedung gesuergt. De Cabella huet mam 3:0 den Deckel op d’Partie drop gemaach.