
E Mëttwoch den Owend war et an Däitschland d’Suite vun der 2. Ronn am DFB-Pokal. Hei huet et mat Essen ee Veräin aus der Regionalliga an d’Aachtelsfinalle gepackt. Donieft ass de Ball nach a Frankräich, an Italien an a Spuenien am Championnat gerullt. Hei waren ënnert anerem de PSG, Metz, den AC Mailand a Real Madrid am Asaz.
FSV Mainz 05 - VfL Bochum 0:3 (a.E)
1:0 Boëtius (7'), 2:0 Latza (55'), 2:1 Holtmann (66'), 2:2 Tesche (90+4')
Mainz huet eng 2:0-Féierung aus der Hand ginn, konnt an der Verlängerung an Iwwerzuel kee weidere Gol markéieren an huet sech um Enn am Eelefmeterschéisse misse géint Bochum aus der 2. Bundesliga geschloe ginn. De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro stoung an der Startformatioun a gouf an der 82. Minutt ausgewiesselt.
Et war eng monter Partie tëscht béide Veräiner. No den éischte 45 Minutte louch den FSV Mainz 05 verdéngt duerch e Gol vum Boëtius an der 7. Minutt mat 1:0 géint Bochum a Féierung. Mainz huet uerdentlech Drock gemaach. Bochum huet wuel gutt dogéint gehalen, ma de Plus u Chancë louch kloer op der Säit vun den Haushären. Den Avantage hätt an der Paus duerchaus méi héich kéinte sinn.
An der 55. Minutt huet Mainz d’Féierung ausgebaut. D’Lokalekipp huet sech séier an de leschten Drëttel kombinéiert, de Quaison ass an de Strofraum gezunn, huet zwee Géigespiller u sech gebonnen an dunn de Ball op de Latza ginn. Dëse stoung am Siechzéngmeterraum komplett fräi an huet op 2:0 gesat. Mainz hat d’Partie am Grëff an et huet no enger Victoire ausgesinn. An der 66. Minutt konnt dunn allerdéngs den Holtmann fir d’Gäscht no enger Standardsituatioun op 1:2 verkierzen. D’Gäscht sinn duerno méi aktiv ginn an d’Mainzer hunn Onsécherheeten an der Verteidegung gewisen. An de leschte Minutten huet Bochum nach emol alles no vir gehäit a Mainz ass hanne kaum nach eraus komm. Sekonne virum Enn vun der Nospillzäit ass Bochum den 2:2 duerch den Tesche gelongen, sou datt et an d’Verlängerung gaangen ass.
Hei ass kenger Ekipp e weidere Gol gelongen, och net Mainz, déi vun der 95. Minutt un no enger rouder Kaart fir de Riemann an Iwwerzuel waren. D’Decisioun ass domadder am Eelefmeterschéisse gefall an do hat Bochum dat bessert Enn fir sech, sou datt de Veräin aus der 2. Bundesliga an der nächster Ronn vum DFB-Pokal steet.
RW Essen - Fortuna Düsseldorf 3:2
1:0 Engelmann (15'), 1:1 Hennings (36'), 2:1 Kehl (39'), 3:1 Kefkir (70'), 3:2 Hennings (87')
Fortuna Düsseldorf huet wärend groussen Deeler vum Match d’Spill bestëmmt a war iwwerleeën, ma bal ëmmer war am Strofraum Schluss. Essen huet sech komplett op Kontere konzentréiert an dat mat Erfolleg. D’Taktik vum Veräin aus der Regionalliga West ass voll opgaangen, RWE huet seng wéineg Chancë géint de Géigner aus der 2. Bundesliga äiskal genotzt. Dowéinst ass d’Victoire och net onverdéngt.
VfL Wolfsburg - SV Sandhausen 4:0
1:0 Gerhardt (27'), 2:0 Weghorst (29'), 3:0 Joao Victor (41'), 4:0 Weghorst (90+1')
Hannover 96 - Werder Bremen 0:3
0:1 Gebre Selassie (30'), 0:2 Sargent (32'), 0:3 Mbom (60')
SV Wehen Wiesbaden - Jahn Regensburg 2:4 (a.E)
Tëscht Wiesbaden aus der 3. Liga a Regensburg aus der 2. Bundesliga stoung et no 90 Minutten 0:0. Nodeems och an der Verlängerung keng Decisioun gefall war, ass et an d’Eelefmeterschéisse gaangen. Hei huet sech Regensburg dunn d’Victoire geséchert.
VfB Stuttgart - SC Freiburg 1:0
1:0 Kalajdzic (15')
Stade Rennes - FC Metz 1:0
1:0 Grenier (52')
Um Enn vum Joer gouf et fir den FC Metz auswäerts eng 0:1-Néierlag géint Stade Rennes. Den decisive Gol huet de Grenier an der 52. Minutt geschoss. No 17 Spilldeeg steet Metz mat 23 Punkten an der Tabell op der gudder 10. Plaz an huet 11 Punkte Virsprong op d’Relegatiounsplaz.
Den detailléierte Resümmee vum Match fannt Dir bei de Kolleege vum 5minutes.
PSG - Racing Stroossbuerg 4:0
1:0 Pembele (18'), 2:0 Mbappé (80'), 3:0 Gueye (89'), 4:0 Kean (90+1')
Montpellier - Lille 2:3
0:1 Weah (17'), 1:1 Laborde (57'), 1:2 Ikone (67', Eelefmeter), 1:3 Yilmaz (86')
Olympique Lyon - FC Nantes 3:0
1:0 Ekambi (4'), 2:0 Kadewere (37'), 3:0 Paqueta (44')
No der klorer Victoire géint Nantes steet Lyon nees un der Spëtzt vun der Tabell an der Ligue 1, dat Punktgläich mat Lille.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Hellas Verona - Inter Mailand 1:2
0:1 Martinez (52'), 1:1 Dimarco (63'), 1:2 Skriniar (69')
AC Mailand - Lazio Roum 3:2
1:0 Rebic (10'), 2:0 Calhanoglu (15', Eelefmeter), 2:1 Alberto (28'), 2:2 Immobile (59'), 3:2 Hernandez (90+2')
An enger animéierter Partie konnt sech den AC Mailand duerch ee Gol Sekonne viru Schluss mat 3:2 géint Lazio Roum duerchsetzen. Roum huet dobäi wärend dem Match nach een Eelefmeter verschoss.
Un der Spëtzt vun der Tabell an der Serie A bleift alles beim Alen. Den AC steet mat engem Punkt Virsprong op Inter op der 1.
SCC Neapel - FC Turin 1:1
0:1 Izzo (56'), 1:1 Insigne (90+2')
Neapel ass iwwerdeems géint den Tabelleleschten e Mëttwoch den Owend net iwwert een 1:1-Remis erauskomm. Nodeems een duerch e Gol vum Izzo an der 56. Minutt mat 0:1 hanne louch, konnt ee sech duerch e Gol vum Insigne an de leschte Sekonnen dach nach ee Punkt sécheren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Real Madrid - FC Granada 2:0
1:0 Casemiro (57'), 2:0 Benzema (90+4‘)
No enger animéierter Ufanksphas tëscht Real Madrid a Granada war et um Enn vun den éischte 45 Minutten eng Hallschent ouni vill Héichpunkten an et ass mam 0:0 an d’Paus gaangen. Nom Téi huet Real e bësse méi an d’Spill no vir investéiert an esou gouf et an der 56. Minutt gläich dräi ganz geféierlech Chancen. Fir d’éischt hat den Astensio de Potto getraff. Duerno ware Kroos, Valverde an um Enn de Benzema am Strofraum bedeelegt. Schlussendlech huet de Fransous aus hallefrietser Positioun ofgezunn, ma de Ball ass iwwert d’Lat gaangen. An der 57. Minutt war et dunn awer esouwäit. Den 1:0 fir d’Lokalekipp ass gefall an dat duerch de Casemiro. An der leschter Véierelsstonn huet Granada versicht, fir den Drock op de Géigner ze erhéijen, fir awer villäicht nach d’Partie géint de Favorit ze dréinen. Ma Real huet kee Géigegol zougelooss. Fir de Schlusspunkt huet de Benzema an der 4. Minutt vun der Nospillzäit mam 2:0 gesuergt. Real ka sech domadder iwwert eng knapp awer verdéngten Victoire an dräi Punkte freeën. Fir d’Ekipp vum Zidane ass et déi 6. Victoire noeneen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga