Sport-Invité um RadioMam Laurent Jans iwwert d'Nations League

RTL Lëtzebuerg
Den Invité an der Sportemissioun um Sonndeg den Owend war de Futtballer Laurent Jans.
Laurent Jans am Interview
De Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp huet iwwert d’Nations League geschwat.

Sport Invité Laurent Jans

Mam Kapitän vun der Futtball-Nationalekipp hu mir iwwer seng Blessure geschwat, seng Saison mat Spartak Rotterdam, déi aktuell Leeschtung vun de Lëtzebuerger an der Nations League an iwwer déi zum deel chaotesch Zoustänn um Enn vum Match am Stade de Luxembourg géint d’Tierkei.

E Samschdeg den Owend hate sech d’Roude Léiwe misse mat 0:2 géint d’Tierke geschloe ginn. Klickt hei, fir op den Artikel mam Resumé, de Reaktiounen an de Goler am Video an de Fotoen ze kommen.

Lëtzebuerg verléiert mat 0:2 géint d'Tierkei
Am ausverkaafte Stade de Luxembourg huet Lëtzebuerg sech an der 2. Hallschent gesteigert, um Enn awer verdéngt géint d’Tierkei de Kierzere gezunn.

Back to Top
CIM LOGO