Internationale FuttballManchester City baut Virsprong an der Tabell aus

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend huet de Leader an der Premier League mat 3:1 beim FC Everton gewonnen.
© AFP (Archiv)

E Mëttwoch den Owend ass awer net nëmmen a der englescher Premier League de Ball gerullt. An der franséischer Ligue 1 huet Marseille sech mat 3:2 géint Nice behaapt an an der spuenescher La Liga gouf et ee Remis tëscht Levante an Atlético Madrid.

Premier League

FC Everton - Manchester City 1:3
0:1 Foden (32'), 1:1 Richarlison (37'), 1:2 Mahrez (63'), 1:3 Silva (77')

Eng weider Victoire gouf et e Mëttwoch den Owend fir Manchester City. De Leader am englesche Championnat huet sech am Nodrosmatch vum 16. Spilldag souverän mat 3:1 beim FC Everton duerchgesat.

An der 32. Minutt war ManCity duerch e Gol vum Foden mat 1:0 a Féierung gaangen. Kuerz virun der Paus hat d’Lokalekipp duerch de Richarlison dunn awer op 1:1 gesat. D’Ekipp vum Guardiola huet sech duerch dëse Gol awer net aus der Rou brénge gelooss an esou konnt ee sech duerch Goler vum Mahrez an dem Silva déi dräi Punkten nach sécheren.

An der Tabell huet Manchester City un der Spëtzt elo e Virsprong vun 10 Punkten op Manchester United a Leicester City.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Olympique Marseille - Nice 3:2
1:0 Alvaro (14'), 2:0 Khaoui (42'), 2:1 Gouiri (47'), 3:1 Khaoui (53'), 3:2 Sellouki (87')

Am franséische Championnat huet sech an der Nodrospartie vum 11. Spilldag Olympique Marseille mat 3:2 géint Nice behaapt. Duerch dës Victoire bleift een un den internationale Plazen drun. Mat 37 Punkte steet een aktuell op der 6. Plaz an der Tabell.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

UD Levante - Atlético Madrid 1:1
1:0 Bardhi (17'), 1:1 Llorente (37')

Am spuenesche Championnat war e Mëttwoch den Owend een Nodrosmatch vum 2. Spilldag. De Leader Atlético Madrid ass hei auswäerts net iwwert een 1:1-Remis géint Levante erauskomm. An der 17. Minutt war d’Lokalekipp duerch e Gold vum Bardhi mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 37. Minutt ass dunn de Gäscht duerch de Llorente eng Reaktioun gelongen. Bei där sollt et och bleiwen. Bis zum Schluss ass kee Gol méi gefall, sou datt et beim 1:1 bliwwen ass.

An der Tabell huet de Leader Atlético Madrid mat engem Match manner 6 Punkten Avance op Real Madrid.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO