
Wärend Mainz mam Leandro Barreiro an der Bundesliga am Asaz war, gouf och an de weideren Divisioune vum europäesche Futtball gespillt.
Leicester City 3:1 Liverpool
0:1 Salah (67'), 1:1 Maddison (79'), 2:1 Vardy (81'), 3:1 Barnes (85')
Fir Liverpool an de Jürgen Klopp leeft et weiderhin net wéi geplangt. Am Spëtzematch tëscht de “Reds” a Leicester City gouf et um Enn déi 6. Defaite vun der Saison, fir d’Lokalekipp goufen et iwwerdeems 3 wichteg Punkte, fir den Uschloss op Manchester City un der Spëtzt net ze verléieren. Liverpool war beméit, de Match op hir Säit ze zéien, si haten ee Plus u Ballbesëtz an u Golgeleeënheeten, ma et huet awer bis zur 67. Minutt gedauert, éiert de Salah d’Gäscht a Féierung brénge konnt. An der 79. Minutt konnt de Maddison dann awer duerch een herrleche Fräistouss ausgläichen, éiert de Vardy seng Faarwen nëmmen 2 Minutte méi spéit no engem Feeler an der Liverpooler Defense a Féierung brénge konnt. Leicester wollt d’Entscheedung esou séier wéi méiglech erzwéngen a sou war et um Enn de Barnes, dee fir d’Schlussresultat suerge konnt, a Leicester domat op déi zweeten Tabelleplaz schéisst.
Crystal Palace 0:3 Burnley
0:1 Gudmundsson (5'), 0:2 Rodriguez (10'), 0:3 Lowton (47')
Manchester City 3:0 Tottenham
1:0 Rodri (23'), 2:0 Gündogan (50'), 3:0 Gündogan (66')
Manchester City bleift un der Spëtzt vun der Premier League. No engem Feeler vum Hojbjerg am Strofraum konnt de Rodri an der 23. Minutt de Score opmaachen. De Lloris hat dee richtegen Eck fonnt, ma hie konnt de Ball awer net entscheedend ofwieren. Duerno koum den Optrëtt vum däitschen Ilkay Gündogan, deen an der 50. Minutt eng Flank an de Filet setze konnt. D’Lokalekipp war kloer den Här am eegenen Haus, Tottenham hat grouss Schwieregkeeten, virun allem fir sech offensiv Geleeënheeten erauszespillen. Nodeems de Gündogan an der 66. Minutt op en Neits markéiere konnt, war d’Entscheedung gefall. Domat steet Manchester City mat elo 53 Punkte ganz uewen an der Tabell vum Championnat. Fir d’Lokalekipp war et e Samschdeg iwwerdeems déi 16. Victoire noeneen.
Brighton & Hove Albion 0:0 Aston Villa
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Turin 0:0 Genua
Neapel 1:0 Juventus Turin
1:0 Insigne (31')
Mat Juventus hat Neapel den aktuellen Tabellendrëtten op Besuch. Béid Formatiounen hunn déi 3 Punkten dréngend gebraucht. Juventus wollt den Uschloss un den AC Mailand an Inter Mailand un der Spëtzt net verléieren, fir Neapel goung et ëm wichteg Punkten fir d’Champions League-Qualifikatioun. No enger gudder Ufanksphas stoung den Här Doveri, den Arbitter vun der Partie, an der 29. Minutt am Mëttelpunkt. Nodeems de Rrahmani am Strofraum zu Fall koum, hat den Offiziellen am Ufank weiderlafe gelooss. Duerch de Videoassistent gouf duerno awer op Feeler an Eelefmeter entscheet, deen den Insigne verwandele konnt. Duerno haten d’Turiner méi vum Match, ma Neapel blouf geféierlech. Kuerz virum Enn vun der Partie hat de Ronaldo d’Chance op den Ausgläich, ma de Meret konnt säi Kappball nach ofwieren. Soumat behält Neapel wichteg 3 Punkten doheem.
Spezia 2:0 AC Mailand
1:0 Maggiore (56'), 2:0 Bastoni (67')
De Leader AC Mailand huet iwwerdeems iwwerraschend géint Spezia verluer. Soumat kann Inter Mailand um Sonndeg mat enger Victoire d’Tabellespëtzt iwwerhuelen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
PSG 2:1 Nizza
1:0 Draxler (22'), 1:1 Rony Lopes (50'), 2:1 Kean (76')
A Frankräich war de PSG géint Nizza gefrot. Bei der Ekipp aus der franséischer Haaptstad huet den Neymar op Grond vun enger Verletzung gefeelt. D’Ekipp vum Mauricio Pochettino hat dann och dee bessere Start an de Match a sou konnte si an der 22. Minutt duerch den Draxler a Féierung goen. No der Paus konnten d’Gäscht aus Nizza duerch de Rony Lopes an der 50. Minutt ausgläichen. De PSG war liicht dominant, ma d’Lokalekipp konnt awer Näischt aus hirer Iwwerleeënheet maachen, och well d’Gäscht gutt dogéint gehalen hunn. Um Enn war et dee jonken Italiener Moise Kean, deen an der 76. Minutt fir d’Entscheedung suerge konnt.
Stade Reims 1:1 Lens
1:0 Zeneli (13'), 1:1 Sotoca (61')
Lyon 1:2 Montpellier
0:1 Savanier (20'), 1:1 Paqueta (45'+1), 1:2 Wahi (65')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Granada 1:2 Atlético Madrid
0:1 Llorente (63'), 1:1 Herrera (66'), 1:2 Correa (74')
Fir d’Gäscht aus Madrid, déi als Favorit an de Match gaange waren, leeft et am spuenesche Championnat weiderhin excellent, och wa si méi Méi ewéi erwaart haten. Atlético war déi dominant Ekipp, ma d’Defense vu Granada stoung an den éischte 45 Minutte sécher. Nom Téi konnt de Llorente den Tabelleleader verdéngt a Féierung bréngen, ma d’Freed war awer just vu kuerzer Dauer. Nëmmen 3 Minutte méi spéit war et den Herrera, deen d’Ekipp vum Diego Simeone schocke konnt. Um Enn war et dann awer de jonke Correa, deen d’Victoire fir Atlético Madrid besigele konnt. Domadder hu si bis op Weideres 8 Punkten Avance op Real Madrid, déi hirersäits schonn ee Match méi um Kont hunn.
Sevilla 1:0 Huesca
1:0 El Haddadi (57')
Eibar 1:1 Valladolid
0:1 Mesa (7'), 1:1 Kike (23')
Barcelona 5:1 Alavès
1:0 Trincao (29'), 2:0 Messi (45'+1), 2:1 Rioja (57'), 3:1 Trincao (74'), 4:1 Messi (75'), 5:1 Junior (80')
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga