Internationale FuttballManchester City klappt West Ham mat 2:1 a setzt sech weider of

RTL Lëtzebuerg
A Spuenien klappt Barcelona Sevilla mat 2:0, a Frankräich gouf et iwwerdeems an der leschter Spillminutt nach eng 2:1-Victoire fir Metz géint Bordeaux.
© AFP

Wärend an der däitscher Bundesliga ënnert anerem de Leader Bayern München am Asaz war, gouf et an England eng knapp 2:1-Victoire vu Manchester City géint West Ham, déi domat hir Avance weider ausbauen.

Premier League

Manchester City - West Ham 2:1
1:0 Dias (30'), 1:1 Antonio (43'), 2:1 Stones (65')

Manchester City bleift kloer un der Spëtzt vum englesche Championnat a setzt sech duerch eng 2:1-Victoire géint West Ham weider of. Den Dias konnt d’Ekipp vum Pep Guardiola an der 30. Spillminutt a Féierung bréngen, ma nach virun der Paus war dem aktuellen Tabellevéierten den Ausgläich duerch den Antonio gelongen. Den englesche Vize-Champion hat wuel méi vum Match, ma och d’Gäscht konnte sech ëmmer erëm Chancen erausspillen. Um Enn war et dunn den Defenseur Stones, deen den entscheedende Gol markéiere konnt, a senge Faarwen eng wichteg Victoire géint een direkte Konkurrent séchere konnt.

West Bromwich - Brighton & Hove Albion 1:0
1:0 Bartley (11')

Leeds United - Aston Villa 0:1
0:1 El-Ghazi (5')

Newcastle - Wolverhampton 1:1
1:0 Lascelles (52'), Neves (73')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Spezia - Parma 2:2
0:1 Karamoh (17'), 0:2 Hernani (25'), 1:2 Gyasi (52'), 2:2 Gyasi (72')

Bologna - Lazio Rom 2:0
1:0 Mbaye (19'), 2:0 Sansone (64')

Duerch eng 0:2-Defaite géint den FC Bologna verpasst Lazio Roum de Sprong op eng Champions-League-Plaz. Fréi an der Partie an der 17. Minutt hate si déi grouss Chance, fir a Féierung ze goen, ma den Ciro Immobile war aus 11 Meter gescheitert. Nëmmen 2 Minutte méi spéit war de Schock fir d’Gäscht nach méi grouss, dëst well den Mbaye Bologna a Féierung brénge konnt. D’Réimer hate méi vum Spill, ma och d’Haushären hu sech ëmmer erëm Chancen erausgespillt a sou konnte si an der 64. Minutt nach een drop setzen. Um Enn ka sech Bologna Loft an der Lutte ëm de Maintien verschafen, fir Lazio Roum ass dës Defaite eng gréisser Enttäuschung.

Hellas Verona - Juventus 1:1
0:1 Ronaldo (49'), 1:1 Barak (77')

Do dierft sech Juventus Turin e Samschdeg den Owend méi virgestallt hunn. D’Juve ass net iwwert een 1:1 bei Hellas Verno erauskomm a léisst esou an der Course ëm de Championstitel weider Punkte leien. An der Tabell huet een als Drëtten e Retard vu 7 Punkten op de Leader Inter Mailand an 3 Punkten op den Zweeten AC Mailand.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Bordeaux - Metz 1:2
1:0 Kalu (14'), 1:1 Delaine (72'), 1:2 Vagner (90'+1)

A Frankräich bleift Metz weiderhi mat an der Course ëm déi europäesch Plazen. Fir Bordeaux geet et dogéint weider erof, dëst nodeems et fir si an de leschte 6 Matcher nëmmen ee Punkt ze feiere gouf. Si konnte wuel fréi a Féierung goen, dëst duerch ee Gol vum Kalu an der 14. Spillminutt, ma Metz hat sech awer méi Golgeleeënheeten erausgespillt. An der 72. Minutt konnt den Delaine de verdéngten Ausgläich markéieren, ma an der Nospillzäit sollt et esouguer nach duergoen, fir de Match ze dréinen. Duerch dem Vagner säin entscheedende Gol konnt sech Metz op déi 5. Tabelleplaz verbesseren.

Weider Detailer iwwert de Match bei de Kolleege vun RTL 5minutes.

Dijon - PSG 0:4
0:1 Kean (6'), 0:2 Mbappé (32', Eelefmeter), 0:3 Mbappé (51'), 0:4 Danilo (82')

Den aktuelle franséische Champion vu Paräis hat géint den Tabelleleschten Dijon keng Méi. D’Ekipp vum Maurizio Pochettino hat och ouni de verletzen Neymar offensiv Spaass um Futtball. No nëmme 6 Minutte konnt de Kean d’Paräisser ewell a Féierung bréngen, éier de Mbappé an der 32. Minutt no engem Feeler vum Celina vum Eelefmeterpunkt erhéije konnt. Kuerz nom Säitewiessel konnt de franséischen Nationalspiller ee weidere Gol bäisteieren, éier den Danilo an der 82. Minutt fir de Schlusspunkt gesuergt huet. Paräis verbessert sech duerch dës Victoire op déi 2. Tabelleplaz, fir Dijon gesäit et am Tabellekeller ganz däischter aus.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Eibar - Huesca 1:1
0:1 Ramirez (81'), 1:1 Diop (83')

Sevilla - Barcelona 0:2
0:1 Dembélé (29'), 0:2 Messi (85')

Am Spëtzematch a Spuenien konnt sech den FC Barcelona mat 2:0 géint den FC Sevilla behaapten. Barcelona war beméit, fir de Match an d’Hand ze huelen, sou dass si och méi Golgeleeënheeten haten. No enger Virlag vum Messi konnt den Dembélé d’Katalanen an der 29. Minutt a Féierung bréngen. Sevilla wollt sech erëm an de Match zréckkämpfen, ma Barcelona hat virun allem defensiv net vill zougelooss. De Schlusspunkt war dann an der 85. Spillminutt fir de Lionel Messi, deen de Réckstand op Atlético soumat op 2 Punkte schmëlze gelooss huet, och wann d’Ekipp vu Madrid nach 2 Matcher manner um Kont huet.

Alavés - Osasuna 0:1
0:1 Barja (77')

Getafe - Valencia 3:0
1:0 Arambarri (39'), 2:0 Mata (55'), 3:0 Alena (87')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO