
Den Triple-Gewënner Manchester City huet d’Juegd no sengem historesche véierte Championstitel noeneen an England erfollegräich lancéiert. Bei der 3:0-Victoire beim Opsteiger Burnley huet den Haaland direkt zwee Goler (4. a 36.) an der éischter Hallschent markéiert. De Rodri huet mam drëtte Gol (75.) de Sak zougemaach.
D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League fannt Dir hei.
Optakt vun der neier Saison dann och an der franséischer Ligue 1. Hei hu sech Nice a Lille mat engem 1:1-Remis getrennt. D’Heemekipp war an der 19. Minutt duerch de Laborde mat 1:0 a Féierung gaangen. Eréischt an der 3. Minutt vun der Nospillzäit ass Lille duerch den Diakite den Ausgläich gegléckt.
D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1 fannt Dir hei.
E Freideg den Owend gouf et am 1. Tour vum däitschen DFB-Pokal direkt zwou Iwwerraschungen. Sandhausen aus der 3. Liga huet sech am Eelefmeterschéisse mat 4:2 géint Hannover aus der 2. Bundesliga duerchgesat. No 90 Minutten an der Verlängerung stoung et 3:3.
Déi zweet Iwwerraschung ass Saarbrécken gegléckt. De Veräin aus der 3. Liga huet de Karlsruher SC aus der 2. Bundesliga mat 2:1 geklappt. Den decisive Gol hat d’Lokalekipp an der leschter Minutt duerch de Brünker geschoss.
Keng Problemer hat dann de Bundesligist Borussia Mönchengladbach beim 7:0 beim TuS Bersenbrück aus der Oberliga Niedersachsen.
An da war et nach den Duell tëscht Schalke a Braunschweig, Veräiner aus der 2. Bundesliga. Hei hat Schalke dat bessert Enn fir sech. An enger ëmkämpfter Partie huet sech d’Ekipp vum Thomas Reis auswäerts mat 3:1 behaapt. Braunschweig hat den éischte Gol vum Match geschoss.