Europa-League-AuslousungManchester United géint AC Mailand, Kiew géint Villareal a Bern géint Ajax

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Mëtteg war zu Nyon den Tirage vun den Aachtelsfinalle vun den Europa League.
© AFP (Archiv)

D’Finall vun der Europa League ass fir de 26. Mee programméiert, ma bis dohinner ass et nach e wäite Wee. Fir d’éischt ginn elo emol d’Aachtelsfinalle gespillt. Fir de Lëtzebuerger Gerson Rodrigues an Dinamo Kiew geet et géint Villareal a fir de Christopher Martins a Bern geet et géint Ajax Amsterdam.

D’Matcher am Iwwerbléck

Ajax Amsterdam - Young Boys Bern

Dinamo Kiew - FC Villareal

AS Roum - Schachktar Donezk

Olympiakos Piräus - FC Arsenal

Dinamo Zagreb - Tottenham Hotspur

Manchester United - AC Mailand

Slavia Prag - Glasgow Rangers

FC Granada - Molde FK

D’Aachtelsfinalle ginn den 11. an den 18. Mäerz gespillt.

Back to Top
CIM LOGO