
E Freideg stoungen am englesche Championnat zwou Partië vum 17. Spilldag um Programm.
Manchester United - Aston Villa 2:1
1:0 Martial (40'), 1:1 Traore (58'), 2:1 Fernandes (61')
Am Toppmatch huet sech Manchester United mat 2:1 géint Aston Villa behaapt. D’Red Devils sinn domadder zanter zéng Matcher an der Premier League ongeschloen an hunn elo an der Tabell genau esou vill Punkte wéi de Champion Liverpool un der Spëtzt.
D’Lokalekipp hat de bessere Start an de Match erwëscht a war méi konsequent am Spill no vir. An der 40. Minutt ass een duerch e Gol vum Martial verdéngt mat 1:0 a Féierung gaangen. No der Paus konnt Aston Villa an der 58. Minutt duerch den Traore op 1:1 ausgläichen. D’Freed iwwert den Ausgläich war bei de Gäscht awer net vu laanger Dauer. Nëmmen dräi Minutte méi spéit huet den Arbitter no engem Foul vum Douglas Luiz um Pogba op de Punkt gewisen. De Fernandes huet sech der Saach ugeholl an op 2:1 gesat. ManUnited huet duerno weider gedréckt a wollt fir d’Virentscheedung suergen. Well awer Martial (71.) a Fernandes (77.) net laanscht de Golkipp Martinez komm sinn an de Pogba (74.) an de Rashford (78') ze ongenau waren, ass et bis zum Schluss spannend bliwwen. Un der Victoire vun de Red Devils sollt sech bis zum Schluss awer näischt méi änneren.
Everton - West Ham United 0:1
0:1 Soucek (86')