
Dat huet de Golkipp vum FC Bayern a vun der däitscher Nationalekipp public gemaach. Den Ament fält hie jo wéinst enger Blessur un der Schëller aus, mä steet kuerz viru sengem Comeback an dierft spéitstens fir d’WM am Katar nees fit sinn.
D’Operatioune wéinst dem Hautkriibs hätten hien awer bis elo net um Futtballspille gehënnert.