
Dem 44 Joer alen Trainer säi Kontrakt zu Gladbach sollt bis 2022 lafen. Hien ass zanter 2 Saisonen an der Verantwortung bei Mönchengladbach.
Beim BVB hat jo den Edin Terzic iwwerholl fir Lucien Favre. Ma och mam neien Trainer fannen déi Dortmunder net richteg an d’Spuer. Mam Marco Rose soll sech dat nächst Saison elo änneren.
De BVB huet dëst e Méindeg de Mëtteg confirméiert.