DammefuttballMarta Estevez op de Racing, Beetebuerg rekrutéiert 3 Nationalspillerinnen

RTL Lëtzebuerg
Déi Lëtzebuerger Nationalspillerin huet déi lescht Saison fir Wuermer gespillt.
© Val Wagner (Archiv)

Am Dammefuttball gëtt et e Freideg deen nächsten Transfert vun enger bekannter Nationalspillerin. D’Marta Estevez wiesselt vun der Entente Wuermer bei den Doublégewënner Racing.

Den SC Beetebuerg rekrutéiert gläich 3 Nationalspillerinnen. D’Kate Thill vun de Purple Knights vum amerikanesche College, d’Isabel Albert vum WMG an d’Lucie Schlimé vun der Entente Izeg.

En Donneschdeg war de Wiessel vum Marisa Soares vu Mamer op Déifferdeng bekannt ginn.

Back to Top
CIM LOGO