Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMarvin Martins mat Virlag bei 2:0-Victoire fir Casa Pia

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Nationalspiller konnt en Dënschdeg den Owend de Gol zur 1:0-Féierung virbereeden.

An der zweeter portugiescher Liga stoung fir Casa Pia de Match géint CD Mafra um Programm. De Marvin Martins, dee vun Ufank am Asaz war, huet de Gol fir den Abubakari virbereet, deen domat an der 25. Minutt op 1:0 stelle konnt. Kuerz virun der Paus ass dann nach den 2:0 gefall a sou ass et och bis zum Schluss bei deem Resultat bliwwen. Um Enn steet also eng wichteg Victoire fir Casa Pia, déi duerch dës dräi Punkten op déi 8. Plaz no vir gespronge sinn.

E Mëttwoch den Owend huet sech iwwerdeems Vilafranquense fir 1/32-Finallen an der portugisescher Coupe qualifizéiert. D’Ekipp, bei där och de Lëtzebuerger Eric Veiga spillt, huet mat 2:1 géint Sanjoanense gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO