FuttballMauricio Pochettino gëtt neien Trainer beim PSG

RTL Lëtzebuerg
De franséische Champion huet e Samschdegmëtteg bekannt ginn, dass an Zukunft den 48-Joer alen Argentinier un der Säitelinn zu Paräis steet.
Mauricio Pochettino neien Trainer beim PSG
De franséische Champion huet e Samschdegmëtteg bekannt ginn, dass an Zukunft den 48 Joer alen Argentinier un der Säitelinn zu Paräis steet.

Nodeems den Thomas Tuchel kuerz viru Chrëschtdag den Trainerstull fräimaache misst, huet PSG elo en neien Trainer bekannt ginn, deen zu Paräis awer keen onbekannt Gesiicht ass.

De Mauricio Pochettino, dee scho virun 20 Joer als Spiller an der franséischer Haaptstad am Asaz war, huet zu Paräis e Kontrakt als Trainer bis 2022 ënnerschriwwen. Bis am November 2019 war den Argentinier nach bei Tottenham Hotspur an der Premier League am Asaz a steet elo virun enger neier Aufgab an der Ligue 1.

Back to Top
CIM LOGO