Internationale FuttballMauricio Poschettino wuel virum Aus beim PSG

RTL Lëtzebuerg
Medien no soll sech de franséische Futtball-Champion Paris-Saint Germain vum Trainer Mauricio Poschettino trennen. Dat mellt de Magazin „The Athletic“.
© AFP (ARCHIV)

Deemno wär no der Analys vun der Saison déi lescht Woch d‘Enn vun der Zesummenaarbecht decidéiert ginn. Eng Bestätegung vum Veräin gëtt et bis ewell net.

De Poschettino hat Ufank 2021 d‘Successioun vum Thomas Tuchel beim PSG iwwerholl. Den Argentinier konnt mam Starensemble wuel de Championstitel gewannen, ass dogéint awer an der Champions League schonn an den Aachtelsfinalle vum spéidere Gewënner Real Madrid eliminéiert ginn. Um Enn vun der Saison hat schonn de Sportdirekter Leonardo misse goen.

Back to Top
CIM LOGO