De Futtball-Nationaltrainer huet 24 Leit zeréckbehalen. Ënnert hinnen ass nees de Maxime Chanot. De Lëtzebuerger, deen an den USA spillt, huet säi lescht Match fir d’FLF-Formatioun am November 2019 gespillt. No senger Blessur ass och de Christopher Martins nees fit a gouf vum Luc Holtz zeréckbehalen. Fir d’éischte Kéier stinn de Lucas Fox an den Eldin Dzogovic am Kader.
D’Géigner vun de Lëtzebuerger an der WM-Qualifikatioun si Katar, Irland, Portugal, Aserbaidjan a Serbien.
Den éischte Match ass de 24. Mäerz. An Ungarn spillen d’Lëtzebuerger géint Katar. Dee Match géint den Organisateur huet awer just ee statistesche Wäert. Um Enn gëtt de Katar net an der Tabell zeréckbehalen.
Duerch déi ganz Coronasituatioun ass et fir de Luc Holtz schwéier, ee Pronostic ze maachen iwwer dat méiglecht Ofschneide vun der FLF-Selektioun bei dëser WM-Campagne.
“Mask undoen, keng Hand méi ginn, dat alles huet een negativen Afloss op de Grupp. An dat alles huet een Afloss op den Ekippegeescht, op d’Performance um Terrain an duerno och op d’Resultat wat erauskënnt. Ech bleiwe bei deem, déi 20 Joer wou ech elo Trainer sinn, dat wichtegst ass d’Aart a Weis wéi mir spillen an d’Performance.”
Nom Match géint de Katar spillen d’Lëtzebuerger dräi Deeg drop an Irland an dann den 30. Mäerz hei heem géint Portugal. Bei der portugisescher Nationalekipp steet ënnert anerem de Cristiano Ronaldo am Kader.
