
An der däitscher Bundesliga haten Dortmund a Bayern keng Méi an hunn däitlech Victoirë gefeiert.
Hei den Iwwerbléck vum 15. Spilldag.
Liverpool - Watford 2:0
1:0, 2:0 Salah (38', 90')
No der Nouvelle e Freideg, datt den Trainer Jürgen Klopp säi Kontrakt bis 2024 verlängert, stoung e Samschdeg nees Premier-League-Alldag fir d’Reds um Programm. An hei wollt Liverpool mat enger Victoire géint den Underdog aus Watford d’Leaderpositioun an der Tabell festegen. Dat huet nom 1:0 vum Salah an der 1. Hallschecht och gutt ausgesinn. Am 2. Duerchgang huet Liverpool de Ball eng weider Kéier am géigneresche Filet ënnerbruecht, dat awer aus enger Abseitspositioun eraus. Kuerz viru Schluss huet de Salah awer op en Neits getraff an dem Tabelleleader domat weider 3 Punkte geséchert.
Chelsea - Bournemouth 0:1
0:1 Gosling (84')
D’Blues goungen als klore Favorit an de Match géint Bournemouth. Un der Stamford Bridge konnt d’Ekipp vum Trainer an Chelsea-Legend Frank Lampard awer kee Gol markéieren. Och am 2. Duerchgang war Chelsea am eegene Stadion net dominant genuch, fir de Score opzemaachen. Kuerz viru Schluss huet den Underdog Chelsea geschockt an ass a Féierung gaangen. Bournemouth konnt dësen Avantage iwwer d’Zäit bréngen.
Leicester - Norwich 1:1
0:1 Pukki (26'), 1:1 Krul (38') - Selbstgol
De schäerfste Konkurrent vum Leader Liverpool bleift, och nom Remis géint Norwich, Leicester. D’Foxes waren an den éischte 45 Minutten duerch e Gol vum Ex-Schalker Pukki a Réckstand geroden, koumen awer e bësse glécklech duerch ee Selbstgol vum Krul zeréck an de Match. An der 2. Hallschecht si keng Goler méi gefall.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Napoli - Parma 1:2
0:1 Kulusevski (4'), 1:1 Milik (64'), 1:2 Gervinho (90'+3)
Feelstart fir den Gennaro Gattuso als neien Trainer bei Napoli. An der Partie vum 16. Spilldag an der Serie A koumen d’Neapolitaner net iwwer een 1:2 géint Parma eraus.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Metz - Marseille 1:1
1:0 Nguette (40'), 1:1 Radonjic (70')
De komplette Resumé vun der Partie bei eise Kolleege vu 5minutes.
LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Sociedad - FC Barcelona 2:2
1:0 Oyarzabal (12'), 1:1 Griezman (38'), 1:2 Suarez (49'), 2:2 Isak (62')
Vun Ufank u goung et an der Partie tëscht Real Sociedad a Barcelona hin an hier. No den éischte 45 Minutte stoung et 1:1 gläich. Kuerz drop koum Barça duerch de Suarez an den Avantage, ier den Ex-Dortmunder Isak zeréck an d’Partie fonnt huet. Um Enn goung et 2:2 gläich aus. Barcelona spillt an der Woch elo den El Clasico géint Real Madrid.