
7 Minutten nodeems de Match ugefaangen huet, konnt de Bilbija schonn den 1:0 fir Ingolstadt markéieren an de Géigner scho fréi ënner Drock setzen. Bis déi 68. Minutt huet et du gedauert, bis den 1:1 duerch den Zolinski geschoss gouf. Ingolstadt huet awer knapp 10 Minutte viru Schluss konnten den 2:1 duerch de Kaya markéieren, sou dass Ingolstadt als Vainqueur bei dëser Partie ervirgeet. De Lëtzebuerger Dirk Carlson stoung vun Ufank un um Terrain, den Tim Kips war net am Asaz.
Ganz spannend war d’Partie tëscht Viktoria Köln an dem TSG Hoffenheim. An der 27. Minutt war et den Kramarić, deen no engem Eelefmeter den 1:0 fir Hoffenheim markéiere konnt. Ma an der 33. Minutt koum schonn d’Äntwert säitens Köln, dat mat engem Gol vum Handle. No der Paus dunn konnt keng vu béiden Ekippen e Gol markéieren, sou dass et an d’Verlängerung gaangen ass.
Hei ass et dunn mat engem Gol direkt an der 94. Minutt weider gaangen, dat vum Dabbur, ma och hei koum nees d’Äntwert vu Köln, de Greger schéisst den 2:2 Ausgläich. Dono markéiert dann nees Hoffenheim e Gol, sou dass et an der 108. Minutt 3:2 fir d’Ekipp steet. Mat dësem Resultat ass et dunn och op en Enn gaangen, Hoffenheim gewënnt an engem spannende Match 3:2 géint Viktoria Köln.
Kloer konnt sech dann awer de Karlsruher SC géint den däitlech ënnerleeënen Géigner duerchsetzen. Ma dach huet et bis déi 44. Minutt gedauert, bis Karlsruhe mat engem Gol vum Schleusener konnt 1:0 a Féierung goen. No der Paus waren et da Goler vum Hofmann an der 50. Minutt an dem Kaufmann an der 59. Minutt, déi du séier fir d'3:0-Féierung gesuergt hunn. An der 73. Minutt du war et de Brauer, deen nach op 1:3 verkierze konnt, ma 5 Minutte méi spéit war et nach eemol e Spiller vu Karlsuhe, nämlech de Cueto, dee fir d'1:4-Schlussresultat gesuergt huet.
Relativ fréi war et de Stindl, dee fir den 1:0 fir Gladbach gesuergt huet, dat schonn an der 11. Minutt. Domat ass et dann och an d’Paus gaangen. Ma och an deenen 2. 45 Minutten ass et Kaiserslautern net méi gelongen, auszegläichen, sou dass et um Enn knapp mat 1:0 fir Mönchengladbach ausgeet.
E Sonndeg scho gouf iwwerraschend d’Eintracht Frankfurt vu Waldhof Mannheim eliminéiert. Den FSV Mainz 05 huet musse bis an d'11m-Schéissen. E Samschdeg hat et den SV Werder Bremen a Greuther Fürth erwëscht.