Ironman 70.3 LëtzebuergMoris Brust an Anne Reiser verdeedegen hir Championstitelen

RTL Lëtzebuerg
Wéi all Joer goufen och déi nei national Championen iwwert d’Laang Distanz am Triathlon gesicht.
Moris Brust an Anne Reisser verdeedegen hir Championstitelen
Iwwer 2600 Sportler waren um Ironman mat um Start. Dorënner och de Starkach Gordon Ramsay.

An de Moies Stonnen zu Réimech war d’Musel fir d’Athlete vum Ironman 70.3 reservéiert. Déi leschte Virbereedungen an der Wiesselzone goufen nach gemaach, an et konnt een d’Uspanung an d’Virfreed bei den Athlete, op déi schwéier Epreuve, Spiere.

Iwwert 2600 Sportler hat et an d’Musel Regioun gezu fir un dëser 12. Editioun vum Ironman deelzehuelen.

Kuerz no 8 ass de Startschoss du gefall. A Sou goung et, fir d’éischt fir Profi Athleten an dono per rolling start, an d’Waasser, op déi 1,9 KM duerch d’Musel.

Et war de Fransous Hugo Borel deen als éischten aus dem Waasser opgedaucht ass, an sech op de Wee zu de Vëloe gemaach huet.

Mat dem gudde Wieder haten sech och dëst Joer nees dausende Spectateuren um Bord vun der Streck erëmfonnt fir d’Athleten unzefeieren.

Un der Spëtzt huet sech eng spannend Kurs annoncéiert. Ma vu lo u waren et 90 km am Suedel op den Hightech Maschinnen. Eng kéier vu Réimech op Gréiwemaacher an zeréck bevir et dann op e méi wallonéierte Parcours sollt goen. An och den éischte Lëtzebuerger Adrien Rossignon, deen am Moment an enger richteg gudder Form ass, huet als 6. un der Spëtzt matgemëscht. Wärend d’Athleten um Vëlo ënnerwee waren hunn d‘Supporter zu Réimech d’Sonn genoss, an hier wuel verdeengte Paus gemaach, bevir nees un d’ufeiere gaangen ass.

Zeréck vum Vëlo hunn déi zwee Leader just puer Sekonne getrennt. Fir si huet et lo geheescht ran an d’Schung, a rop d’Lafstreck, en Hallefmarathon, also 21 KM stounge lo um Programm. Mëttlerweil war och d’Sonn bis raus komm an huet den Athleten de leschten Deel net méi einfach gemaach. Bei de Lëtzebuerger war et weider den Adrien Rossignon un der Spëtzt dat lo just nach mat 2 Minutten Avance op den Titelverdeedeger Moris Brust. Bei de Lëtzebuerger Dame war et Sophie Margue dat virum Anne Reiser op d’Lafe gaange war.

Un der Spëtzt vun der Course war d’Victoire séier kloer, de Belg Ben de Wolf huet en héigen Tempo ugeschloen an dëse bis op e Schluss duerchgezunn. A konnt sou bei senger éischtem Ironman hei zu Lëtzebuerg d’Victoire feieren Dat a 4 Stonne 7 Minutten an 22 Sekonnen. Bei den Dame war et déi Däitsch Athletin Hella Haak dat d’Victoire a 4 Stonnen 31 Minutten a 45 Sekonne, gefeiert huet.

Em de Champion Titel bei den Häre sollt et nach eng kéier spannend ginn. De Moris Brust deen eng 2 Minutte Strof huet missen ofsetzen huet en decke Kilometer viru Schluss op den Adrien Rossignon konnten opschléissen a laanscht zeien, a sou säin Titel als gudde 7. vum Ironman, mat ronn 10 Minutte Retard op de Gewënner, verdeedegen.

An och bei den Damen gouf et um lafen e Changement un der Spëtzt. Hei war et d’Anne Reiser dat no hallwer Stréck d’Féierung iwwerholl huet a sou hiren Titel vu leschtem Joer widderhuele konnt.

Ma fir déi meescht Sportler stoung de Moien awer net d’Zäit am Mëttelpunkt, mee einfach de Moment an d’Atmosphäre laanscht d’Musel ze genéissen an natierlech ukommen.

Lëtzebuerger Championnat Top 3 bei den Hären

1. Moris Brust (4:17:22)
2. Adrien Rossignon (4:19:15)
3. Leo Diswiscour (4:23:21)

Lëtzebuerger Championnat Top 3 bei den Dammen

1. Anne Reiser (4:49:37)
2. Sophie Margue (5:05:48)
3. Laura Grober (5:16:50)

De Starkach Gordon Ramsay war och um Depart

E Sonndeg de Moien huet de Ramsay, dee virun allem duerch seng Emissioun “Hell’s Kitchen” bekannt ass, seng Participatioun selwer senge Fans iwwer déi sozial Medie kuerz virum Depart matgedeelt. De Gordon Ramsay kënnt mat enger Zäit vu 06:52:28 iwwer d’Arrivée.

Weider Detailer an Impressiounen iwwer dem Gordon Ramsay säin Depart um Ironman fannt dir hei.

Ironman Lëtzebuerg: Starkach Gordon Ramsay mat um Depart

Back to Top
CIM LOGO