
Borussia Dortmund huet trotz dem Rekordgol vum Talent Youssoufa Moukoko eng weider Néierlag an der Course ëm den Titel an der Bundesliga missen astiechen. De Stiermer huet beim enttäuschenden 1:2 (0:0) e Freideg den Owend bei Union Berlin wuel den tëschenzäitlechen 1:1-Ausgläich fir de BVB markéiert a sech esou mat senge 16 Joer an 28 Deeg zum jéngste Goalgeeter an der Bundesliga-Geschicht gekréint, ma déi éischt Néierlag ënnert dem neien Trainer Edin Terzic konnt och de Youngster net verhënneren.
De Moukoko huet no enger Stonn mat engem Lénksschoss ënnert d’Lat getraff an domadder de Gol vun Union Berlin duerch den Taiwo Awoniyi (57') egaléiert. De Marvin Friedrich huet an der 78. Minutt mam Kapp fir d'2:1-Schlussresultat gesuergt.
Spilleresch hunn déi Dortmunder e Freideg den Owend iwwer wäit Strecken enttäuscht. Statt de Retard op d’Spëtzt vun der Tabell ze verklengeren, kann de BVB de Weekend nach aus den Champions-League-Plazen erausfalen. Union Berlin ass duerch d’Victoire bis op ee Punkt un den Titelkandidat erukomm.
Klickt hei, fir op den Iwwerbléck vun der Bundesliga ze kommen.