Internationale FuttballMuechtdemonstratioun vun Newcastle géint Tottenham

RTL Lëtzebuerg
An der Serie A hunn Inter Mailand an den AC Mailand hir Negativserië kënne stoppen an den FC Barcelona gewënnt géint Atlético Madrid.
© AFP

Bundesliga

De Resumé vun de Sonndesmatcher fannt Dir hei.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Newcastle United - Tottenham Hotspur 6:1
1:0 Murphy (2'), 2:0 Joelinton (6'), 3:0 Murphy (9'), 4:0 Isak (19'), 5:0 Isak (21'), 5:1 Kane (49'), 6:1 Wilson (67')

Et war e richtungsweisende Match fir béid Ekippen am Kampf ëm d’Champions-League-Plazen. Tottenham war am Ufank guer net am Match an Newcastle huet d’Gäscht déi éischt 20 Minutte fërmlech auserneegeholl a fënnef Goler geschoss. Duerch dëse Blëtzstart war de Magpies d’Victoire scho virun der Paus esou gutt wéi sécher. Nom Säitewiessel huet Tottenham mat der éischter Golchance duerch de Kane den Éieregol geschoss, mee de Wilson huet knapp 20 Minutte méi spéit den alen Ecart nees hiergestallt, soudass Newcastle mat dësem Resultat provisoresch Drëtten an der Tabell ass.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Empoli - Inter Mailand 0:3
0:1 Lukaku (48'), 0:2 Lukaku (76'), 0:3 Martinez (88')

Inter Mailand konnt seng Negativserie aus de leschte fënnef Matcher stoppen a behält mat dëser Victoire d’Chance op eng Champions-League-Plaz. D’Nerazurri hu vun Ufank un de Kommando iwwerholl an haten och méi Ballbesëtz, mee an der éischter Hallschent sollt näischt Zielbares eraussprangen. De Lukaku huet deem nom Säitewiessel awer en Enn gesat a säin éischte Gol um Sonndeg geschoss, well och den 2:0 goung op säi Kont. Empoli huet sech zwar net verstoppt an hat och Golchancen, mee de Lautaro Martinez huet um Enn de Sak zougemaach.

Monza - Florenz 3:2
0:1 Kouamé (8'), 0:2 Saponara (13'), 1:2 Biraghi (26', Eegegol), 2:2 Dany Mota (43'), 3:2 Pessina (58', Eelefmeter)

Den Opsteiger Monza kann no dëser Victoire quasi fir eng weider Saison an der Serie A plangen, bei 15 Punkten Ofstand op eng Ofstigsplaz. Florenz, déi sech an der Woch fir d’Halleffinall an der UEFA Conference League qualifizéiert haten, ware mat zwee séiere Goler no 13 Minutte gutt an de Match gestart, hunn duerno awer ofräisse gelooss a Monza duerch en Eegegol nees an de Match zeréckbruecht. D’Heemekipp sollt nach virun der Paus ausgläichen a krut e weidere Gol wéinst Handspill oferkannt. Op en Eelefmeter hin war Monza a Féierung gaangen an huet dësen Ecart bis zum Schluss kënnen halen.

AC Mailand - Lecce 2:0
1:0 Rafael Leao (40'), 2:0 Rafael Leao (75')

Den AC Mailand hält sech d’Chance op, och an der nächster Saison an der Champions League ze spillen. An enger Partie, déi aarm u Golchancen a kuckenswäerten Zeene war, waren d’Rossneri kuerz virun der Paus mat quasi der éischter gudder Chance a Féierung gaangen. Nom Pausentéi ass de Match net vill besser ginn a Mailand huet just dat Néidegst gemaach. Trotzdeem ass nach de verdéngten 2:0 gefall, well Lecce nach manner op den Terrain bruecht huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

FC Barcelona - Atlético Madrid 1:0
1:0 Ferran Torres (44')

Am Heemspill géint den Tabellendrëtten huet Barcelona e weidere Schratt Richtung Meeschterschaft gemaach, dat nodeems een déi lescht zwee Matcher Punkte leie gelooss hat. Atlético hat wuel déi éischt gutt Golgeleeënheet, mee et war de Ferran Torres vum FCB, dee kuerz virun der Paus den eenzege Gol vum Match schéisse sollt. Bis dohi war et en zimmlech golaarme Match. An der zweeter Hallschent hu sech béid Ekippen eng Rei Golchancen erausgespillt, mee keng vu béide Faarwe sollt dës notze kënnen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO