
Am éischte Sonndesmatch huet Freiburg mat 4:0 eng kloer Victoire géint Schalke geféiert. De Mann vum Match war de Michael Gregoritsch, dee schonn no siwe Minutten den éischte Gol fir d’Lokalekipp schéisse sollt an an der 35. Minutt ee weidere geschoss huet. D’Gäscht aus dem Ruhrpott haten an der éischter Hallschent net eng Golchance a sollte kuerz no der Paus ee weidere Gol geschoss kréien, woumat quasi scho kloer war, dass Schalke keng Punkte mat Heem huele sollt. Freiburg huet nom drëtte Gol de Match kontrolléiert, awer nëmmen nach dat Néidegst gemaach. Kuerz viru Schluss sollt de Ginter nach dee véierte Gol fir de Sportclub markéieren. Freiburg konnt seng Placéierung an der Tabell festegen, wärend Schalke kee weidert Kapital aus der Victoire géint Berlin zéie konnt.
No der 2:0-Victoire vu Leverkusen géint Leipzig gëtt de Kampf ëm Plaz 5 nach eng Kéier spannend. Leipzig war iwwer 90 Minutte wuel déi méi dominant Ekipp, mee Leverkusen huet seng Chancen äiskal genotzt a war méi effizient virum Gol. An der éischter Hallschent ass RB just duerch Distanzschëss geféierlech ginn, och well Leverkusen kompakt verdeedegt huet. Kuerz virun der Paus huet d’Werkself e Konter kënnen notzen an zum 1:0 erasetzen. Nom Säitewiessel koum Leipzig wuel méi no virun de Gol, mee ass ëmmer nees um Hradecky gescheitert. Kuerz viru Schluss krut Leverkusen en Eelefmeter zougesprach, dee si dann och verwandele konnten. Leverkusen läit fënnef Spilldeeg viru Schluss fënnef Punkten hannert Leipzig op Plaz 6.
Um 19.30 Auer war et nach de Match tëscht Gladbach an Union Berlin. An der 1. Hallschent gouf et net vill Highlights. Just d’Berliner haten 2 Golgeleeënheeten, ouni awer dobäi konnten ze markéieren. Et goung mat engem 0:0 an d’Paus. An der 2. Hallschent waren et d’Berliner, déi Grond ze feieren haten, dat nodeems an der 60. Minutt de Becker den 1:0 geschoss huet. De Gladbacher Trainer huet an der 69. Minutt reagéiert a 4 nei Spiller agewiesselt. Dat sollt awer net den erwënschten Effekt bréngen, an um Enn wënnt Union Berlin auswäerts géint Gladbach a steet weiderhin op Plaz 3 an der Tabell.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.