TennisNaomi Osaka seet och fir Wimbledon of

RTL Lëtzebuerg
No hirem Réckzuch vun de French Open wäert déi zweefach US-Open-Gewënnerin Naomi Osaka och op eng Participatioun zu Wimbledon verzichten.
© AFP

“Si hëlt sech eng Auszäit, fir Zäit mat hire Frënn an hirer Famill ze verbréngen”, dat huet hiren Agent en Donneschdeg der Noriichtenagence AFP matgedeelt. “Si wäert fir d’Olympesch Spiller bereet sinn a freet sech drop, virun hirem Heempublic ze spillen.”

Virausgaange war e Sträit ëm ee Medien-Boykott vum Osaka, dee si kuerz virun de French Open ugekënnegt hat, fir op déi mental Gesondheet vu Sportlerinnen a Sportler opmierksam ze maachen. Déi Responsabel haten der Japanerin duerno mam Ausschloss vum Tournoi gedreet, sollt si hire Medieverflichtungen net nokommen. Als Konsequenz ass d’Osaka am 2. Tour net méi ugetrueden an huet oppen iwwer Problemer mat Depressioune geschwat.

En Donneschdeg hat och de Rafael Nadal matgedeelt, datt hien zu Wimbledon net untrëtt.

Back to Top
CIM LOGO