
Den 20-fache Grand-Slam-Gewënner Rafael Nadal verzicht dëst Joer op Wimbledon an och op eng Participatioun bei den Olympesche Spiller zu Tokio. Als Grond huet de Spuenier gesondheetlech Problemer uginn.
“Et ass keng liicht Entscheedung, mä nodeem ech op mäi Kierper gelauschtert a mat mengem Team doriwwer geschwat hunn, verstinn ech, datt et déi richteg Decisioun ass”, sou den Nadal iwwer Twitter.
Déi lescht Woch war den Nadal bei de French Open an den Halleffinalle vum Novak Djokovic eliminéiert ginn.
Dëst Joer leien tëscht de French Open a Wimbledon nëmmen zwou Wochen, dat hätt et sengem Kierper “net méi liicht gemaach, sech no der ëmmer usprochsvoller Saison op Sand ze erhuelen”. Den Nadal hat 2008 an 2010 zu Wimbledon gewonnen.
De Spuenier war an de leschte Joren ëmmer nees mat gesondheetleche Problemer geplot, mä un een Enn vu senger Karriär denkt hien nach net. D’Entscheedung vum 35 Joer alen Tennisspiller wär “mëttel- a laangfristeg” ze gesinn.
Et wär villméi “Zil, meng Karriär ze verlängeren a weiderhin dat ze maachen, wat mech glécklech mécht, nämlech op héchstem Niveau ze konkurréieren a weiderhin op héchstem Niveau fir dës berufflech a perséinlech Ziler ze kämpfen”.