
Wéinst finanzielle Schwieregkeete bei sengem russesche Veräin Ufa hu sech béid Weeër getrennt.
Am RTL-Interview sot de 27-fachen FLF-Nationalspiller, datt hien och d’Zäit bei der Famill a sengem klenge Kand genéisst.
Sportlech gesinn huet hie sech bei sengem ale Veräin Nidderkuer fit gehalen an och selwer Seancë gemaach, fir beim nächsten Challenge a Form ze sinn.
Wou et den Oli Thill 2021 hinzitt, steet den Ament nach net ganz fest, et ginn eng Partie Méiglechkeeten, mä zu Lëtzebuerg ze bleiwen, kënnt net a Fro, esou de Futtball-Profi géintiwwer RTL.